Damvillers

Vu Wikipedia
Damvillers
D'Kierch St. Maurice

D'Kierch St. Maurice
D'Kierch St. Maurice
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Montmédy
Postcode 55150
Gemengecode 55145
Koordinaten 49° 20’ 36’’ N
      05° 24’ 02’’ O
Fläch  1 833 ha
Bevëlkerung  620 (1999)
D'Belagerung vu 1637 duerch d'Truppe vum Louis XIII.

Damvillers ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Grand Est.

Damvillers läit am Dall vun der Thinte op enger Héicht vun 197 bis 353 Meter. D'Uertschaft ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer e puer Departementsstroossen, vun deenen déi wichtegst d'D905 ass.

Damvillers huet fréier zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert; dohier kënnt de roude Léiw am Wopen.[1] Duerch den Traité vun de Pyrenäen ass Damvillers 1659 u Frankräich ofgetruede ginn.[2]

Bei der Belagerung vun Damvillers (1552) huet de franséische Chirurg Ambroise Paré (1510-1590) dat deemools bei Amputatioune gängeg Kauteriséiere vun der Wonn duerch d'Ofbanne vun de Bluttgefässer ersat.[3]

Beschreiwung vum Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Parti: au premier, burelé d'argent et d'azur de dix pièces, au lion de gueules à double queue, armé lampassé et couronné d'or, brochant sur le tout; au deuxième, d'azur semé de fleurs de lys d'or, au bâton de gueules péri en bande.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Perséinlechkeeten déi do op d'Welt koumen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Damvillers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Blason de Damvillers Gearchiveerd op 2008-11-18. Gekuckt de(n) 2009-11-06.
  2. L. de Chardon: Damvillers et son canton: vingt siècles d'histoire. Impr. Cogerex, Verdun 1973, S. 51f.
    J. Groben: Connaissance de l'ancien Duché de Luxembourg (XXX): Damvillers, une enclave luxembourgeoise en pays mosan. In: Die Warte 1999, 51(36) (25. Nov.), S. 4.
  3. J.A. Massard: Damvillers, Mansfeld und Sohn: Ambroise Paré, der Vater der Chirurgie, und Luxemburg. Lëtzebuerger Journal 2007, Nr. 74 (17. Apr.), S. 11-12. [1]