KZ Auschwitz

Vu Wikipedia
D'Paart vun Auschwitz I.
Entrée vun Auschwitz II-Birkenau.
Plang vun Auschwitz I, II an III)

D'Konzentratiounslager Auschwitz oder KZ Auschwitz war e Komplex vun iwwer 40 Konzentratiouns- a Vernichtungslageren, déi vun Nazi-Däitschland am vun him besate Polen wärend dem Zweete Weltkrich an der Shoah gebaut a bedriwwe goufen.

Et bestoung aus Auschwitz I, dem sougenannte Stammlager zu Oświęcim; Auschwitz II–Birkenau, engem Konzentratiouns- a Vernichtungslager zu Brzezinka eng 1,5 Kilometer nordwestlech dovun; Auschwitz III–Monowitz, engem Aarbechtslager zu Monowice, wou d'Zwangsaarbechter an der IG Farben hirer Konschtgummi-Fabrick agespaart waren; sou wéi Dosende vu weideren Niewelageren.[1]

Nom däitschen Iwwerfall op Polen am September 1939, mat deem den Zweete Weltkrich ugefaangen huet, huet déi däitsch Schutzstaffel (SS) Auschwitz I, dat bis dohin eng Kasär vun der polnescher Arméi war, an e Gefaangenelager fir polnesch politesch Prisonéier ëmfonktionéiert. Déi éischt Prisonéier, däitsch Verbriecher, déi als sougenannt Funktionshäftlinge agesat goufen, koumen am Mee 1940 un. Déi éischt Vergasungen - vu sowjeteschen a polnesche Prisonéier, goufen am oder ëm den August 1941 am Block 11 vun Auschwitz I ausgefouert. Ee Mount drop hunn d'Bauaarbechte vun Auschwitz II–Birkenau ugefaang. Dëst Lager gouf ee vun den Haaptplaze vun den Nazien hirer Endlösung der Judenfrage. Tëscht uganks 1942 bis Enn 1944 goufen honnertdausede vu Judde mat Véiwaggonen aus alle Géigende vum besaten Europa erbäibruecht, wouvun déi meescht an de Gaskummeren ermuert goufen; vun den 960.000 déi do ëmkomm sinn, goufen der 865.000 direkt nodeems s'ukoume vergaast. Am Ganze goufen eng 1,3 Millioun Leit an d'Lager gestach, wouvu geschat 1,1 Millioun gestuerwe sinn. Dorënner ware 74.000 net-jiddesch Polen, 21.000 Roma, 15.000 sowjetesch Krichsgefaangener, a bis zu 15.000 aner Europäer. Vun deenen, déi net duerch Gas ermuert goufen, sinn déi meescht erhéngert, oder un Erschëpfung, Krankheeten, duerch eenzel Exekutiounen oder duerch Mësshandlunge gestuerwen. Anerer goufen am Kader vu medezineschen Experimenter ermuert.

Op d'mannst 802 Gefaangen hu probéiert, ze flüchten, dovun 144 mat Succès, an de 7. Oktober 1944 hunn zwou Unitéite vum Sonderkommando - Prisonnéier, déi gezwonge goufen, an de Gaskummeren ze schaffen - en Opstand gemaach, deen no kuerzer Zäit awer niddergeschloe gouf.

Vun all deenen, déi am Lager geschafft hunn, goufen der just 789 (net méi wéi 15 Prozent) fir hir Dote viru Geriicht gestallt, eng Rëtsch dovun, dorënner och de Lagerkommandant Rudolf Höss, goufen exekutéiert. Bis haut gëtt kontrovers diskutéiert, datt d'Alliéiert, nodeems se éischt Rapporte kruten, wat fir grujeleg Saachen do geschéie géifen, laang net drop reagéiert hunn, z. B. andeems se d'Lager oder d'Eisebunnslinnen dohi bombardéiert hätten.

Wéi déi Rout Arméi am Januar 1945 ëmmer méi no un Auschwitz erukoum, goufen déi meescht vun de Gefaangen op engem Doudesmarsch - iwwer Honnerte Kilometer zu Fouss an der Keelt - Richtung Westen an aner Lager geschéckt. Déi wéineg, déi nach am Lager waren, goufen de 27. Januar 1945 befreit. Deen Dag gëtt zanterhier als Internationalen Holocaust-Kommemoratiounsdag zelebréiert. An de Joerzéngten dono hunn Iwwerliewend, wéi de Primo Levi, de Viktor Frankl, an de Elie Wiesel iwwer dat, wat se zu Auschwitz hu missen erliewen, geschriwwen. D'Lager gouf e wichtegt Symbol vun der Shoah. 1947 huet Polen den Auschwitz-Birkenau Memorial a Musée um Site vun Auschwitz I an II etabléiert, an 1979 gouf et vun der UNESCO zum Weltierwen ernannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Merten, Michael, 2020. Die Fabrik des Todes am Luxemburger Wort vum 24. Januar 2020, S. 4-5

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Auschwitz I, Auschwitz II-Birkenau, Auschwitz III-Monowitz." Auschwitz-Birkenau Memorial and Museum op auschwitz.org. Archivéiert