Zisterzienser

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Wope vun den Zisterzienser.

D'Zisterzienser bilden en Uerde vun der réimesch-kathoulescher Kierch, mam offiziellen Numm Ordo Cisterciensis (ofgekierzt OCist). Et gëtt souwuel eng männlech (reliéis Bridder a Pateren) wéi eng weiblech Branche (Nonnen).

Dësen Uerde geet op de Robert vu Molesmes zeréck, deen 1098 eng Benediktinergemeinschaft zu Cîteaux (ëstlech vun Nuits-Saint-Georges, am fréieren Herzogtum Burgund) gegrënnt huet, mam Zil erëm streng dem Benedikt vun Nursia senger Reegel vun 450 ze follegen, wat dee Moment bei de Benediktiner net méi de Fall war. An dës Gemeinschaft vu Cîteaux ass dunn och de Bernhard vu Clairvaux agetrueden, deen 1115 d'Klouschter vu Clairvaux gegrënnt huet vun deem aus d'Zisterzienser sech a ganz Europa verbreet hunn.

D'Membere vum Uerde versprieche Bestännegkeet (stabilitas), bestänneg Ëmkéier (conversatio morum) a Gehorsam (oboedientia). Si liewen a Kléischter déi entweeder Abteie sinn (méi wéi 12 Memberen a vum Poopst zur Abtei erhuewen, mat engem Abt, respektiv enger Äbtissin un der Spëtzt), oder Prioraten (ofhängeg vun enger Abtei oder selbstänneg, mat engem Prior, respektiv enger Priorin un der Spëtzt). D'Abteien an d'Priorater sinn a verschidde Kongregatiounen zesummegefaasst. Weltwäit gehéieren ongeféier 1400 Männer an 870 Fraen zum Zisterzienseruerden (September 2005).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marcel Pacaut, Les moines blancs - Histoire de l'ordre de Cîteaux; Paräis (Fayard), 1993; 431 S. (11 Kaarten, Bibliographie, Index); ISBN 2-213-02925-3
  • Julie Roux, d'Mönche vun der Abtei Acey, Nicolas d'Andoque, Les Cisterciens; Vic-en-Bigorre (MSM), 2007 (3. Editioun; déi éischt ass vun 1998); 321 S. (Photoen, Kaarten, Index, Bibliographie); ISBN 978-2-3508-0048-6

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zisterzienser – Biller, Videoen oder Audiodateien