Go By Brooks

Vu Wikipedia
Go By Brooks
Museksgenre Rockmusek
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2013
Websäit www.gobybrooks.com
Aktuell Memberen Laetitia Koener (Gesank, Gittar)
Jérôme Moes (Chouergesank, Piano)
Sacha Heck (Bass)
Nicolas Palumbo (Gittar)
Steve Krippler (Batterie, Perkussioun)
Fréier Memberen Gilles Krein (Batterie, Perkussioun)
Tom Roilgen (Batterie, Perkussioun)

Go By Brooks ass eng lëtzebuergesch Rockband. Hire Stil gëtt dacks als "melancholesche Rock" beschriwwen.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Go By Brooks gouf 2013 als akustesche Folk-Soloprojet vun der Sängerin Laetitia Koener gegrënnt.[1] Si huet deemools zu Paräis studéiert an hir Ofschlossaarbecht iwwer de Leonard Cohen geschriwwen. Dobäi ass si op säi Gedicht "Go By Brooks" gestouss, no deem de Projet benannt ass.[2] Spéider sinn dunn och nach aner Museker derbäikomm an aus dem Soloprojet ass eng Band ginn.

No der éischter Single Streets of Paris (2014) hu Go By Brooks 2015 hir éischt EP Rivers erausbruecht.[3] D'Joer drop koum déi zweet EP, Oceans eraus, déi vun der Singleauskopplung Phoenix gedroe gouf. Dat Lidd handelt iwwer d'Kriibsdiagnos vun der Sängerin hirer Mamm an dem Kampf géint d'Krankheet. Um Lidd Artificial Hearts séngt e Chouer vun 13 Leit mat, an deem aner bekannt Sänger wéi den Daniel Balthasar an den John Rech vun T42 an Dream Catcher ze héiere sinn. D'Releaseparty war an der Kulturfabrik [4].

Another Flame ass den éischten Album vun der Band. E gouf den 8. Dezember 2018 an der Kulturfabrik virgestallt an ass e weideren Hommage un de Leonard Cohen, deem säi lescht Buch viru sengem Doud 2016 den Titel The Flame hat[5]. Den Album gouf an de Linster Studios opgeholl a krut gutt Kriticken[6],[7],[8],[9]. Den Extrait Broken gouf als Single ausgekoppelt. 2019 koum och nach eng weider Single eraus, Lost, déi net um Album ass. Fir béid Lidder gouf e Museksvideo gedréint.

Virun der COVID-19-Pandemie hu Go By Brooks tëschent 25 a 35 Concerte pro Joer gespillt[10].

Am Summer 2020 hu Go By Brooks d'Lidd How to Sing to a Man verëffentlecht an duerno e Live-Album vun engem Concert am Kulturzentrum Aalt Stadhaus opgeholl, am Kader vun der Soirée "The Stage is Hers", bei där mam Fernanda Stange a Ptolemea zwou weider Sängerinnen opgetruede sinn[11]. Wéinst de Coronarestriktioune duerften nëmmen 30 Lei am Publikum sëtzen[12].

Am Mäerz 2022 huet d'Lidd All We Are der Grupp hiren zweete Studioalbum This Is Her War, deen de 6. Mee op de Maart koum, ugekënnergt. E gouf vum Tom Gatti gemëscht a vum Gert Van Hoof gemastert.

D'Sängerin Laetitia Koener an de Gittarist Nicolas Palumbo si bestuet.[13]

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: Another Flame
  • 2022: This Is Her War

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2015: Rivers
  • 2016: Oceans
  • 2021: Live at Aalt Stadhaus

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Streets of Paris
  • 2016: Phoenix
  • 2018: Broken
  • 2019: Lost
  • 2020: How to Sing to a Man
  • 2022: All We Are

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beschreiwung op entrepotarlon.be
  2. revue.lu: Go By Brooks (net datéiert)
  3. wort.lu: Go By Brooks sort «Rivers», son premier EP (5. Januar 2015)
  4. lequotidien.lu: Go by Brooks à la KuFa : le ruisseau devenu océan vum Pablo Chimienti (15. September 2016)
  5. lequotidien.lu: Go By Brooks brûle d’une autre flamme vum Pabloo Chimienti (10. Januar 2019)
  6. Kritik op musicampus.de
  7. Kritik op musikreviews.de
  8. Kritik op rock.music-newsletter.de
  9. Kritik op underdog-fanzine.de
  10. culture.lu: This Is Her War: Le nouvel album de Go By Brooks vum Pablo Chimienti (16. Mee 2022)
  11. chronicle.lu: The Stage is Hers Music Festival (5. Mäerz 2021)
  12. culture.lu: Il faut savourer chaque instant passé sur scène vum Pablo Chimienti (2. August 2021)
  13. land.lu: Nouvelle énergie vum Romuald Collard (27. Mee 2022)