Spleen

Vu Wikipedia
Spleen

noframe

Genre: Pop, Pop-Rock
Land: Lëtzebuerg
Grënnung: 2001
Websäit: www.spleen.lu
Memberen
Gesank: Françoise Grethen (zanter 2006)
Gittar, Gesank: Cédric Neiens
Gittar: Christian Peckels
Batterie: Michel Feinen (bis 2006)
Bass: Fränk Drews
Fréier Memberen
Gesank: Isabelle Jakobs
Batterie: Steve Carmentran (bis 2006)
Gei, Piano Céline Steciuk (bis 2006)

Spleen, meescht als SpLeeN stiliséiert, ass eng lëtzebuergesch Popgrupp.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Spleen ass am Joer 2001 gegrënnt ginn. Am Oktober 2003 ass deen éischten Album Heels over Head erauskomm bei deem d'Isabelle Jakobs, d'Céline Steciuk, de Cédric Neiens, de Christian Peckels, de Steve Carmentran an de Frank Drews matgewierkt hunn.

Fir den zweeten Album Uncoated, deen am Joer 2005 erauskoum, sinn et e puer Ännerungen am Musekstil ginn an doduerch ware keng Gei a kee Keyboard méi derbäi. Bei de Membere war d'Céline Steciuk net méi derbäi an de Frank Drews huet de Bass iwwerholl (amplaz vun de Keyboards virdrun).

Am Joer 2006 huet d'Sängerin Isabelle Jakobs d'Grupp verlooss an als Ersatz ass d'Françoise Grethen derbäikomm. Och de Steve Carmentran ass duerch de Michel Feinen ersat ginn. Den drëtten Album Spleenatic koum am Januar 2008 op de Maart. Als Gaaschtmuseker sinn de Maxime Bender (Saxophon), d'Lisa Berg (Cello) an de Jerry Dahm (Keyboard) ze héieren. Vun dësem Album hunn et e puer Lidder op déi éischt Plazen vun de lëtzebuergesche Radiocharts gepackt.

Am Joer 2009 si se beim Rock um Knuedler opgetrueden. Si sinn och als Virgrupp vun de Simple Minds, dem Paolo Nutini a vu Silbermond opgetrueden.

2011 koum hire véierten Album The Murder of Lilly Stone eraus.[1] E Video-Clip vum Lidd Shadows gouf den 31. Mäerz 2012 am CarréRotondes presentéiert.[2]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Heels over Head
  • 2005: Uncoated
  • 2008: Spleenatic
  • 2011: The Murder of Lilly Stone

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Premiere vum Album The Murder of Lilly Stone
  2. Videoclip vum Lidd Shadow