Matt Dawson

Vu Wikipedia
Matt Dawson
Gebuer 1958
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom

De Matt Dawson, gebuer 1959,[1] ass en englesche[2] Museker, deen zënter de spéiden 1980er zu Lëtzebuerg mat verschiddene Museksgruppen aktiv ass. Hien ass och en Hobby-Astronom.[3]

Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

De Matt Dawson ass als ee vu siwe Bridder an der südostenglescher Regioun Kent opgewuess.[4] Säi Brudder Julian Dawson ass och e Museker a Sänger, dee selwer iwwer eng Dosen Albume verëffentlecht huet.

Musek[änneren | Quelltext änneren]

Seng musikalesch Karriär huet de Matt Dawson 1977 zu London an der Punkband The DHHS ugefaangen. Zwee Joer méi spéit ass hie mat sengem Brudder Julian opgetrueden an huet un deem sengem éischten Album Let Out the Pigh matgeschafft.[5]

1979 ass seng europäesch Tour zu Lëtzebuerg op en Enn gaangen. Hien huet eng Fra kennegeléiert an ass am Land bliwwen.[6]

1984 war hien am kuerzliewege Projet Oho aktiv.

1989 huet hien d'Band Matt Dawson and the Warehouse gegrënnt, déi dat Joer um bekannte franséische Festival Printemps de Bourges opgetrueden ass.[7] Si hunn d'Joer drop den Album Coco & Fahrenheit op de Maart bruecht huet. D'Single mam selwechten Numm war en Hit zu Lëtzebuerg.

Ëm déi selwecht Zäit hat hien och kuerz Optrëtter an dem Andy Bausch senge Filmer Troublemaker (1988) an Ex und hopp (1991).[5] Fir d'Single The Rain (1991) huet den Andy Bausch de Museksvideo gedréint.[8]

1992 an 1994 huet hien um däitsche Plackelabel Chlodwig d'Soloalbume Soho, respektiv River of Gold verëffentlecht. Doraus goufen d'Lidder Something Carries On, How Much Heartbreak a Summer of '99 als Singelen ausgekoppelt.

Tëscht 1991 an 1994 ass de Matt Dawson mat senger Band all Joer um Rock um Knuedler opgetrueden.

No enger Tournée duerch Däitschland mat sengem Brudder Julian Dawson an dem Andy Metcalfe (2001 an 2002)[9] koum den Album The Fisherman's Dream 2002 eraus. Am selwechte Joer ass hien och de Pedal-Steel-Gittarist bei Claudine Muno and the Luna Boots ginn. Mat där Grupp huet hie bis 2012 véier Albumen opgeholl a vill Concerte gespillt.[5] Fënnef Joer drop dunn huet hien nees als Solokënschtler den Album Seven erausbruecht.[5]

Op der Gebuertsdagsfeier Back in Time Party fir 20 Joer Rock um Knuedler ass hien den 2. Juli 2010 am Atelier opgetrueden.[5] D'Joer drop ass hie fir e puer Joer Member bei der Tréierer Band The Shanes ginn, mat där hien den Album Road Worrier (2013) opgeholl huet.

2014 huet de Matt Dawson mat der Jazz-Bassistin Tanja Silcher den neie Projet Coco and Fahrenheit gegrënnt. Den nom Dawson sengem gréissten Hit benannten Duo ass eng Tribute-Band un de brittesche Singer-Songwriter a Gittarist John Martyn, ee vun dem Dawson senge grousse Virbiller.[5],[10]

Am Februar 2023 huet de Matt Dawson am Alter vu 64 Joer säin aachten Album The Cliffs of Lone erausbruecht.[11]

Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

Entdeckt Asteroiden: 6
(181483) Ampleforth 15. Oktober 2006
(248750) Asteroidday 4. September 2006
(255019) Fleurmaxwell 10. Oktober 2005
(255073) Victoriabond 30. Oktober 2005
(260886) Henritudor 31. August 2005
(314650) Neilnorman 16. Juli 2006

De Matt Dawson ass och als Hobby-Astronom aktiv. Hien ass wëssenschaftleche Mataarbechter vum Musée national d'histoire naturelle. Hien huet mindestens 12 Asteroiden entdeckt,[10] dorënner 2006 den 2006KW37 zesumme mam Eric Buttini.[12],[13]. Sechs dovu goufe bis elo vum MPC validéiert.

1998 gouf den Asteroid (13750) Mattdawson no him benannt, mä de Matt Dawson selwer huet dat eréischt 2017 erausfonnt.[6]

Discographie (net komplett)[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1990: Coco & Fahrenheit (Matt Dawson & The Warehouse)
  • 1991: Call You on the Telephone..
  • 1992: Soho
  • 1994: River of Gold
  • 2002: The Fisherman's Dream
  • 2007: Seven
  • 2022: The Cliffs of Lone

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1986: A Day Like Today
  • 1990: Coco & Fahrenheit
  • 1991: The Rain
  • 1993: Something Carries On
  • 1993: How Much Heartbreak
  • 1994: Summer of '99

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Asteroid 13750 Mattdawson (1998 ST54) an der Small-Body Database Lookup vum Jet Propulsion Laboratory vum California Institute of Technology
  2. mywort.lu: Asteroiden mam Matt DAWSON (1. Februar 2018)
  3. chronicle.lu: Luxembourg Astronomer Has Asteroid Named After Him (15. Juli 2017)
  4. Biographie vu sengem Brudder Julian Dawson op deem senger Websäit juliandawson.com
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 5,4 5,5 tageblatt.lu: Die kreative Pause ist um vum Finn Overdick (1. Oktober 2014)
  6. 6,0 6,1 delano.lu: Asteroid honour for Lux. astronomer vum Jess Bauldry (18. Juli 2017)
  7. reseau-printemps.com: La sélection 1985-2016
  8. Lëscht mat Museksvideoen, déi um Open Screen Videoclip de 25. November 2006 an der Rockhal gewise goufen
  9. Biografie vum Matt Dwason op der archivéiert Säit www.dawson.lu (15. Januar 2008)
  10. 10,0 10,1 : Discovering asteroids with singer/songwriter Matt Dawson vum Sam Steen (2. Oktober 2014)
  11. delano.lu: Matt Dawson: “Making an album is the last thing I expected to be doing at age 64” vum Natalie A. Gerhardstein (28. Januar 2023)
  12. mnhn.lu: « Il s’appelle 2006KW37 » – Découverte d’un nouvel astéroïde par une équipe luxembourgeoise (net datéiert)
  13. mnhn.lu: LUCID – Luxembourg Comet Identification and Discovery - Speaker: Matt Dawson (2022)