Oho

Vu Wikipedia

Oho war e lëtzebuergesche Museksprojet deen 1984 d'New-Wave-Single All Dag ze gesinn erausbruecht huet.

D'Lidd All Dag ze gesinn gouf 1984 vum Patrick Wilhelmy geschriwwen. Hien huet verschidde Lëtzebuerger Museker gefrot fir et mat him ënner dem Numm Oho opzehuelen. Wéinst dem politeschen Text, deen ënner anerem kritesch op d'Lëtzebuerger Wort war, hunn déi meescht vun hinnen dat ënner Pseudonyme gemaach. D'Lidd gouf an engem Dag an de Linster Studios zu Fréiseng opgeholl an ass net op engem Musekslabel verëffentlecht ginn. Ëm déi 1000 Placke goufen onofhängeg an der Belsch gepresst, vun deenen e puer honnert verkaaft an e puer honnert ewech gi sinn.

Um Cover vun der Plack steet zwar de Kommentar "Am Joer vun der Lëtzebuerger Musek 1984, é Beitrag zum Jugendjoer 1985", mä a Wierklechkeet hat de Projet kee Lien mat deenen zwee Evenementer; dat Ganzt war als Parodie geduecht well Oho e Projet vu jonke Leit vu Lëtzebuerg war.

Oho huet nëmmen deen een Titel opgeholl an huet och ni e Concert zesumme gespillt.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

  • Matt Dawson (ënner dem Pseudonym Tom Next): Gesank, Gittar, Keyboard
  • Metty Zlatnik: Gesank, Bass
  • Al Lenners (ënner dem Pseudonym Larry Lärm): Batterie, Perkussioun
  • Jitz Jeitz: Saxophon
  • Patrick Wilhelmy (ënner dem Pseudonym Petz W.): Text, Hannergrondgesank
  • Simone Eischen (ënner dem Pseudonym Dora): Hannergrondgesank
  • Jan: akustesch Steel Drums

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1984: All Dag ze gesinn

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]