No Name (Lëtzebuergesch Museksgrupp)

Vu Wikipedia
No Name
Museksgenre Neo-Prog, Progressive Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1988
Trennung Mee 2011
Memberen Patrick "Kuffi" Kiefer: Gesank a Perkussioun
Yves Di Prospero: Gittar
Christian Sonntag: Batterie
Marc Muller: Bass
Alex Rukavina: Keyboard, Programmatioun
Claude Groben: Gittar (1988-1990)
Gilles Zeimet: Gittar (1990-1997)
Dan Pieknik: Bassgittar (1988-1995)
Gilles Loes: Bassgittar (1995-2000)
Nico Hoffmann: Akk. Gittar, Gesang (2003-2005)
Iris Sonntag: Bassgittar (2002-2008)

No Name war eng lëtzebuergesch Prog-Rockgrupp, déi 1988 vun e puer Diddelenger Jonge gegrënnt gouf a bis 2011 bestanen huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vun der Band ass éischter ongewollt entstanen. Wéi d'Formatioun hiren éischte Concert gi sollt, do hat se ëmmer nach keen Numm. All Propositiounen déi nach kuerzfristeg opkoume goufen en plus verworf, sou datt dem Veranstalter näischt anescht iwwereg blouf wéi se als "No Name Band vun Diddeleng" z'annoncéieren. Spéider, wéi d'Formatioun méi bekannt ginn ass, war et dunn net méi méiglech fir nach eppes um Numm z'änneren.[1]

Ufank der 1990er sinn d'Museker op déi zweet Plaz beim Concours "Looking for the Best" an der Escher Kulturfabrik komm. Dat huet et hinnen erméiglecht, eng éischt Kassett mam Titel Heap of Ruins opzehuelen.[1]

1993 huet d'Band an Eegeproduktioun hiren éischten Album Zodiac erausbruecht, op deem ënner anerem d'Stécker Mat enger Tréin, The Man an The Summer’s Already Gone ze fanne sinn. Am Ufank gouf No Name nach dacks mat der brittescher Band Marillion verglach.[1],[2]

Hire gréisste Succès haten No Name zwee Joer drop mam Album The Secret Garden, deen um däitsche Plackelabel Angular Records verëffentlecht gouf. Zu den Lidder dorop zielen d'Nummeren Merry-Go-Round, Orient Express a Broken Heart.[2] Mat Ausnam vun den Titelen Eng Oppen Dir a Verstand sinn all d'Lidder op Englesch gesongen.

Op The Other Side (1998) huet No Name dat bal 36-Minutte-laangt Stéck Tan' Ibhan agespillt. 1999 ass d'Grupp, wéi och schonn eng Kéier 1994, um Rock um Knuedler opgetrueden. Am Joer 2000 hu si fir den Album Planet Lëtzebuerg vun RTL d'Lidd vum Hämmelsmarsch opgeholl. Dat hu se dunn och viru 500 geluedene Gäscht op der Schueberfouergespillt.[1]

No der EP Thoughts Pay No Toll (2005) koum eréischt 2008 den nächsten Album mam einfachen Titel 4 eraus. Dorop ass ënner anerem den Titel Promises ze héieren, deen ursprénglech op der Band hirer éischter Verëffnetlechung Heaps of Ruin ze héiere war.

2009 huet No Name dunn e Best-Of op de Maart bruecht. Déi 12 Lidder op 20 Candles kommen zwar vun de fréiere Studioalbummen, mee d'Museker hu se all nei opgeholl.[2] Deen Album ass, genee wéi scho 4, um franséische Label Musea erauskomm.

Am Oktober 2010 huet de Sänger Patrick Kiefer d'Band verlooss.[3] Am Mee 2011 gouf dunn d'Trennung vun No Name annoncéiert.[4] Gläichzäiteg hunn de Gittarist Yves Di Prospero, de Batteur Christian Sonntag an de Bassist Marc Muller hiren neie Projet After Tank annoncéiert.[4] 2013 hunn de fréiere Keyboarder Alex Rukavina an de Patrick Kiefer den neie Projet mam Numm TNNE lancéiert, dee fir "The No Name Experience" steet.[5]

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Studioalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: Zodiac
  • 1995: The Secret Garden
  • 1999: The Other Side
  • 2006: 4

Kompilatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: 20 Candles

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 199?: Heap of Ruins
  • 1998: Strange Decisions
  • 2005: Thoughts Pay No Toll

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Biografie op last.fm
  2. 2,0 2,1 2,2 progwereld.org: Review vun 20 Candles vum Maarten Goossensen (6. Juni 2009)
  3. Post op der Band hirem Blog op Blogspot (5. Oktober 2010)
  4. 4,0 4,1 Post op der Band hirem Blog op Blogspot (23. Mee 2011)
  5. Websäit vun TNNE