Tëschegas (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tëschegas)
Tëschegas op der Fête de la Musique zu Nidderaanwen 2012
De Logo vun Tëschegas

Tëschegas ass eng lëtzebuergesch Metal/Hardrock-Band, déi am Mäerz 2009 gegrënnt gouf. Hir Lidder zeechne sech duerch Ironie a Witz aus.

D'Band[änneren | Quelltext änneren]

D'Band besteet aus 6 Memberen:

  • Rachel Mancinelli op der Gittar,
  • Laurent Mancinelli um Bass, huet virdru Batterie bei de Bands Poshblokes a bei Do Androids dream of electric Sheep? gespillt;
  • Pol Montalto, Gesang, séngt och bei der Band Benny and the bugs;
  • Hub Morang um Keyboard, huet virdru Bass bei de Bands Spiral Staircase, Gifts of rain an Nowhere FAST gespillt;
  • Krëscht Morang op der Gittar an zweete Gesang, huet virdru bei de Bands Spiral Staircase, Gifts of rain an Nowhere FAST gespillt;
  • David „Spitz“ Spitoni op der Batterie.

Fréiere Member: 2009-2015 Jérôme "Jek" Hury op der Gittar, huet virdru bei der Band Gifts of rain gespillt

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Tëschegas spillt zanter 2009 zesummen.

D'Membere bezeechnen hire Stil selwer als "Minetter Metal", well se alleguer aus dem Minett kommen a bei hirer Musek e clin d'oeil un déi vergaangen Industrieepoch am Süde vum Land maachen. D'Texter, déi op Lëtzebuergesch verfaasst sinn, sinn ironesch gehalen. Et geet meeschtens ëm alldeeglech Klengegkeeten,[1] an och heiansdo ëm déi al Arbedszäiten[2].

Hire Slogan ass Schuaarf wéi Minetter Mossen.

De 5. Oktober 2012 koum den éischten Album "Industrielle Läichendéngscht" mat 9 Lidder eraus.[3]

Den 28. Januar 2013 koum nodréiglech d'Lidd "Industrielle Läichendéngscht" als Download-Single eraus.[4]

Den 21. Mäerz 2015 koum den zweeten Album "Et wuar net keen...mol" mat 12 Lidder eraus.[5] Am Virfeld hat d'Band e DIY-Video zur Single "Flèche du sud" presentéiert.[6] Am selwechte Joer war Tëschegas och op der Tribut-Compilation "Nazz Nazz Relaoded" mat enger Lëtzebuerger Versioun vun "I don't need no doctor" vertrueden.

Tracklisting[änneren | Quelltext änneren]

Industrielle Läichendéngscht (2012)
1. Intro
2. Zolwer Gras
3. Erotesch Regierungskrise
4. Minetter vun Gottes Gnod
5. 1 dobannen
6. De Panther
7. Deng Päif ass Geschicht
8. Familjendag
9. Gonshua
10. Rowdy

Et wuar net keen...mol (2015)
1. Intro
2. Kee Bock op Melu
3. Flèche du sud
4. Biergcourse an d'Stad
5. Et wuar net keen...mol
6. Eppes mat Gefill
7. Passtérix51
8. D'Lidd vum Blanne Jhang
9. Kee richtege Mann
10. Total versaut (featuring de Moofe Lex)
11. Outro
12. Industrielle Läichendéngscht

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Familljendag
  2. Deng Päif ass Geschicht, Minetter vu Gottes Gnod
  3. "Den éischten Album" op teschegas.lu.
  4. "Sudgas reloaded" op journal.lu.
  5. "Et wuar net keen... mol" op revue.lu.
  6. op youtube.com