Concert fir Afrika

Vu Wikipedia

De Concert fir Afrika ass 1985 an enger Zesummenaarbecht vun 10 Lëtzebuerger organiséiert gi fir Spenden ze sammelen, déi un Hëllefsorganisatiounen an Afrika gaange sinn.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Inspiratioun fir d'Organisatioun ass ausgaange vum Monsterconcert Live Aid Concert dat vum Bob Geldoff organiséiert gi war mam Zil déi deemoleg Problemer an Afrika ze bekämpfen. D'Organisateure waren den Änder Hirtt, Pol Urbany, Luke Haas, Carlo Moes, Jeannot Klein, Armand Stieber, Martine Kinnen, Felix Schaber, Pit Hoerold a Guy Scheibel.

De Concert fir Afrika war den 3. November 1985 an den Ausstellungshalen 10 an 11 um Kierchbierg. Siwe lëtzebuergesch Top-Gruppen hu wärend 9 Stonne fir de gudden Zweck Musek gemaach an domat 4000 Leit begeeschtert ënner deenen och dat Ierfgroussherzoglech Puer war. Et war eng eemoleg Stëmmung um Concert.

Gruppen um Concert[änneren | Quelltext änneren]

Single[änneren | Quelltext änneren]

Speziell fir de Concert war och eng Single opgeholl ginn. Op der Single hu follgend Kënschtler matgemaach:

A-Säit[änneren | Quelltext änneren]

Auteuren: Pit Hoerold - Änder Hirtt

Komponist: Felix Schaber

Studio: IPL

B-Säit[änneren | Quelltext änneren]

  • Les Mésanges vu Bieles Metzerlach
  • dat klengt Joëlle vun den Dikrecher Solschlësselcher

Autor/Komponist: Jang Linster - Ab van Goor

Studio: Linster

Spenden[änneren | Quelltext änneren]

Duerch de Concert, de Verkaf vun der Single, T-Shirten an anere Gadgeten sinn am Ganzen 2 Millioune Frang zesumme komm, eng fir déi deemoleg Verhältnesser riseg Zomm. D'Geld ass iwwer d'Lëtzebuerger Rout Kräiz an Afrika, speziell an Ethiopien an an de Sudan gaangen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]