Franck Olivier

Vu Wikipedia
Franck Olivier
Gebuertsnumm Claude Vangansbeck
Gebuer 26. August 1948
Gestuerwen 8. November 2021
Montigny-le-Tilleul
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Komponist, Sänger

De Franck Olivier (mat richtegem Numm Claude Vangansbeck) ass e belsche Sänger a Komponist, deen zu Gozée (bei Charleroi) gebuer ginn ass.

Scho mat 10 Joer huet e säin Talent fir d'Musek entdeckt an en huet dowéinst 5 Joer laang am Conservatoire Piano a Gei geléiert. Ausserdeem huet en am Kirchechouer gesongen.

Ausser seng eege Lidder, déi vun 1970 un op de Maart komm sinn, huet en och fir de Claude François a fir d'Lara Fabian komponéiert.

Hien huet Lëtzebuerg als Deel vun engem Sextett beim Eurovision Song Contest 1985 zu Göteborg vertrueden. Mam Lidd "Children, Kinder, enfants" koum d'Grupp mat 37 Punkten op déi 13. Plaz.[1]

1989 ass en op Québec gezunn an huet do säin eegene Musiklabel Trans Euro Music gegrënnt. 2010 ass en awer nees zeréck an d'Belsch komm wou e weider als Sänger aktiv ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eurovision Song Contest 1985