Sarah Bray

Vu Wikipedia
Sarah Bray
Gebuertsnumm Monique Wersan
Gebuer 9. September 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger
Member vun Skara Bray

Sarah Bray, eigentlech Monique Wersant, genannt Mick Wersant, gebuer den 9. September 1966, ass eng lëtzebuergesch Sängerin a Komponistin.

Hir éischt musikalesch Aktivitéit war als Trompettistin an der Fanfare vun hirem Heemechtsduerf. 1985 huet si de Patrick Hippert kenne geléiert a si ass doropshin als Lead-Sängerin an d'Grupp Skara Bray opgeholl ginn.

1990 koum mat New Blue déi éischt CD zesumme mat Skara Bray eraus.

De Kënschtlernumm Sarah Bray huet d'Monique Wersant fir hiren Optrëtt beim Eurovision Song Contest 1991 zu Roum gebraucht, wou se Lëtzebuerg mam Lidd "Un baiser volé" vertrueden huet. Si koum op déi 14. Plaz mat 29 Punkten.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eurovision Song Contest 1991