Ireen Sheer

Vu Wikipedia
Ireen Sheer
Gebuer 25. Februar 1949
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger

D'Ireen Sheer (mam richtegen Numm Ireen Wooldridge), gebuer de 25. Februar 1949 zu Basildon, Essex, England, ass eng däitsch-brittesch Sängerin a Schauspillerin. Si ass zweesprocheg opgewuess.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Ireen Sheer ass 1961 bei engem Museksconcours entdeckt ginn an huet parallel zu hirem Erfolleg eng Bankléier gemaach. Am Ufank huet se bei verschiddene Pop-Gruppe gesongen, z. B. The Family Dogg. 1970 huet se eng Solo-Carrière ugefaangen an huet déi éischt Zäit englesch gesongen, huet awer geschwënn op Däitsch gewiesselt an 1973 hat si mat der Single "Goodbye Mama" an Däitschland e groussen Erfolleg.

Am selwechte Joer huet se zesumme mam Chris Roberts am Film Wenn jeder Tag ein Sonntag wär matgespillt, enger Mëschung aus Museksfilm a Verwiesselungskomédi, deen am Oktober 1973 an déi däitsch Kinoe komm ass.

Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1974 zu Brighton mam Lidd "Bye Bye I Love You" vertrueden. Si koum op déi 4. Plaz mat 14 Punkten[1].

1978 huet si Däitschland beim Eurovision Song Contest zu Paräis mam Lidd "Feuer" vertrueden. Si koum op déi 6. Plaz mat 84 Punkten[2].

Si huet Lëtzebuerg eng zweet Kéier als Deel vun engem Sextett beim Eurovision Song Contest 1985 zu Göteborg vertrueden. Mam Lidd "Children, Kinder, enfants" koum d'Grupp mat 37 Punkten op déi 13. Plaz[3].

Si huet och zweemol bei den däitsche Virentscheedunge fir de Grand Prix matgemaach, 1976 mam Lidd Einmal Wasser, einmal Wein an 2002 zesumme mam Bernhard Brink mam Lidd Es ist niemals zu spät, konnt sech awer net qualifizéieren.

Nieft hire Soloopnamen huet si och Duette gesonge mam Gavin du Porter, Bernhard Brink, Gilbert Bécaud a Cliff Richard.

Méi wéi 30 Joer no hirem Ufanks-Erfolleg ass d'Ireen Sheer nach ëmmer aktiv als Sängerin an trëtt a Museksendungen am Fernsee op.

Mam Gavin du Porter war si 24 Joer laang bestuet. Si hu sech am Joer 2000 getrennt.

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

  • Goldene Schallplatte fir d'Single Goodbye Mama
  • 1973: Silberner Bravo Otto
  • 1981 an 1993: jee eng Goldene Stimmgabel
  • 1994: Karnevalsorden Suum cuique vun der Karnevalsgesellschaft Poahlbürger 1948 e. V. zu Recklinghausen

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1973 "Goodbye Mama"
  • 1974 "Bye Bye I Love You"
  • 1975 "Ach lass mich noch einmal in Deine Augen seh'n"
  • 1977 "Mach die Augen zu"
  • 1978 "Hey, Junge, sag das noch einmal"
  • 1978 "Feuer"
  • 1979 "Hey, Mr. Musicman"
  • 1979 "Das Lied der schönen Helena"
  • 1979 "Wo soll denn die Liebe bleiben?"
  • 1980 "Xanadu"
  • 1980 "Spiel das nochmal"
  • 1982 "Geh wenn du willst"
  • 1982 "Erst wenn die Sonne nicht mehr scheint"
  • 1983 "Ich hab Gefühle"
  • 1985 "Hab ich dich heut nacht verloren"
  • 1986 "Wenn du eine Frau wärst und ich wär ein Mann"
  • 1988 "Ich bin da"
  • 1989 "Die Frau, die bleibt"
  • 1990 "Fantasy Island"
  • 1991 "Seit du fort bist"
  • 1991 "Heut Abend hab ich Kopfweh"
  • 1992 "Du gehst fort" (mam Bernhard Brink)
  • 1993 "Wahnsinn"
  • 1993 "Komm ich mach das schon"
  • 1994 "Schöner Mann"
  • 1994 "Das gewisse Etwas"
  • 1995 "African Blue"
  • 1995 "Zwei Herzen ein Gedanke" (mam Gavin du Porter)
  • 1996 "Prima Ballerina"
  • 1996 "Nina Bobo"
  • 1996 "Genau wie du"
  • 1997 "Ich vermisse dich"
  • 1997 "Solange tanz ich allein"
  • 1997 "Heute nacht bist du da"
  • 1998 "Männer wie du" (remix)
  • 1998 "Tennessee Waltz"
  • 1999 "Manchmal in der Nacht"
  • 1999 "Lüg, wenn du kannst"
  • 2000 "Ein Kuss von dir"
  • 2000 "Ich kann für nichts garantiern"
  • 2001 "Farewell and Goodbye"
  • 2001 "Jede Nacht mit dir ist Wahnsinn"
  • 2002 "Es ist niemals zu spät" (mam Bernhard Brink)
  • 2002 "Wenn du den Mond siehst"
  • 2003 "Ich bin stark"
  • 2003 "Music is my Life"
  • 2004 "Ich komm wieder"
  • 2004 "A domani Amore"
  • 2004 "Ich hab den Himmel gesehn"
  • 2005 "I do love you"
  • 2005 "Bin wieder verliebt"
  • 2005 "Heut verkauf ich meinen Mann"
  • 2006 "Bitte geh"
  • 2006 "Du bist heut nacht nicht allein" (remix)
  • 2006 "La bella bella Musica"
  • 2006 "Du und ich"

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1972 Keine liebt dich so wie ich
  • 1974 Nur noch einen Tanz
  • 1979 Ireen Sheer
  • 1989 Star Portrait
  • 1991 Ireen Sheer
  • 1993 Das gewisse Etwas
  • 1995 Tanz mit mir
  • 1996 Star Collection
  • 1997 Ich vermisse dich
  • 1998 Weil Du mein Leben bist
  • 2000 Ein Kuß von dir
  • 2001 Zeitlos
  • 2002 Es ist niemals zu spät
  • 2003 Lieben heißt leben
  • 2004 Land der Liebe
  • 2005 Frauen ab 40 sind der Hit
  • 2005 Bin wieder verliebt
  • 2007 Mein Weg zu dir
  • 2008 Frei
  • 2010 Männer

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ireen Sheer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Brighton 1974. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 2021-05-29.
  2. Paris 1978. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 2021-05-29.
  3. Gothenburg 1985. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 2021-05-29.