Lale Andersen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Lale Andersen am Joer 1953

D'Lale Andersen (Kënschtlernumm), gebuer den 23. Mäerz 1905 zu Lehe (elo: Bremerhaven-Lehe), gestuerwen den 29. August 1972 zu Wien, war eng däitsch Sängerin a Schauspillerin. Hire biergerlechen Numm war Liese-Lotte Helene Berta Bunnenberg. Duerch d'Lidd “Lili Marleen“ ass si weltberühmt ginn.

1961 huet si Däitschland mam Lidd "Einmal sehen wir uns wieder" beim Eurovision Song Contest zu Cannes vertrueden. Si koum op déi 13. Plaz mat 3 Punkten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Albert Carlsson (Pseudonym): "Lili Marleen“: Das Schicksalslied der Lale Andersen. Lëtzebuerger Journal, Nr. 1, 2./3. Januar 2010, S. 14. WebCite®

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lale Andersen – Biller, Videoen oder Audiodateien