Romuald Figuier
| Romuald Figuier | |
|---|---|
| Gebuer |
9. Mee 1938 Saint-Pol-de-Léon |
| Gestuerwen |
12. Mee 2026 Cannes |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Sänger, Komponist, Schauspiller |
|
| |
De Romuald Figuier, besser bekannt ënner sengem Kënschtlernumm Romuald, gebuer den 9. Mee 1938[1][2][3] zu Saint-Pol-de-Léon, Finistère, Bretagne,[4] a gestuerwen den 12. Mee 2026 zu Cannes[5], war e franséische Sänger an den eenzege frankophone Sänger, deen dräimol beim Grand Prix Eurovision de la Chanson matgemaach huet.
Hien huet Monaco beim Eurovision Song Contest 1964 zu Kopenhage mat dem Lidd Où sont-elles passées? vertrueden an ass domat op déi 3. Plaz komm.[6]
5 Joer méi spéit huet e Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1969 zu Madrid mam Lidd Catherine vertrueden. Hien huet domat déi 11. Plaz erreecht.[7]
1974 huet e Monaco nach eng Kéier beim Grand Prix zu Brighton vertrueden an ass mam Lidd Celui qui reste et celui qui s'en va op déi 4. Plaz komm.[8]
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1963: Ma plus belle année
- 1964: Où sont-elles passées?
- 1964: Le temps des vacances
- 1965: Cow-boy
- 1965: C'est pas une vie
- 1965: Tout s'arrange quand on s'aime
- 1966: Passeport pour le soleil
- 1967: Chanson pour l'étrangère
- 1967: Je siffle ça
- 1968: Une rose à la mer
- 1969: Catherine
- 1969: Tous les printemps du monde
- 1971: Jesus Cristo
- 1972: Dis un petit mot
- 1972: Coeur de papillon
- 1973: Viens rêver sur l'eau
- 1974: Celui qui reste et celui qui s'en va
- 1975: Corps à corps
- 1975: L'adoption
- 1976: Malicia
- 1979: Tous les métros ratés
- 1984: Congo
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Où sont-elles passées? beim Eurovision Song Contest
- Catherine beim Eurovision Song Contest
- Celui qui reste et celui qui s'en va beim Eurovision Song Contest
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Romuald | BKMAF. bkmaf.com. Gekuckt de 15.05.2026.
- ↑ (fr) Avis de décès de Romuald FIGUIER paru le mercredi, mai 13, 2026. www.simplifia.fr. Gekuckt de 15.05.2026.
- ↑ an der Annonce steet « décédé le mardi 12 mai 2026 à 88 ans », wat éischter op d'Gebuertsjoer 1938 passt wéi op 1941; eng Rëtsch Sourcë ginn effektiv den Datum vum 5. Mee 1941 un
- ↑ http://www.imdb.com/name/nm0739772/ "Romuald" IMDb
- ↑ (fr) Arthur Hachez, Mort de Romuald Figuier, il avait participé trois fois au concours de l'Eurovision. www.programme-tv.net (14/05/2026). Gekuckt de 15.05.2026.
- ↑ http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=281 Eurovision Song Contest 1964
- ↑ http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=286 Eurovision Song Contest 1969
- ↑ http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=290 Eurovision Song Contest 1974
