Georges Backes

Vu Wikipedia
Georges Backes
Gebuer 26. Juni 1949
Aktivitéit Sänger

De Georges Backes, gebuer de 26. Juni 1949 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Tenor.

Nom Conservatoire an der Stad Lëtzebuerg huet hien zu Stuttgart op der Staatlichen Hochschule für Musik und Darstellende Kunst, zu Bréissel um Conservatoire royal an zu Aldeburgh op der Britten-Pears-School for Advanced Musical Studies studéiert.

No sengem Studium huet de Georges Backes sech virun allem mam Lied- an Oratoriefach befaasst, an hien huet duerch bal ganz Europa (Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Belsch, Holland, England, Irland, Italien, Spuenien, Portugal a.a.), Israel an och an Iwwerséi (USA, Guatemala, Kuba) gesongen, dëst mat sou eminenten Dirigenten wéi ë. a. John Eliot Gardiner a Leopold Hager.

De Georges Backes ass zanter 1985 Professer fir Gesank a fir Liedinterpretatioun am Stater Conservatoire an zanter dem Joer 2000 Professer op der Miami University zu Déifferdeng.

Hie gëtt Masterklassen ë. a. an Italien an och zu Havanna op Kuba.