Diskussioun:Georges Backes

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech wéss dach am beschten selwer wât ech enseignéieren an d'wärt dach kén elo behâpten ët d'géif keng "Liedinterpretatiounsklass" am Stater conservatoire gin: ech invitéieren Iech a meng classe lauschteren ze kommen, oder frôt bei onser directioun nô: 4796-5200 ass d'Telefonsnummer.

Havana iwwregens schreiwt sech mat engem "n" am Spueneschen! (vun der IP 78.141.140.217)


Gudde Moien, eleng wéinst der Frëndlechkeet déi hei dacks kritiséiert gëtt,
1) Wéi Havanna op spuenesch heescht kann een hei noliesen.
2) Är Ënnerunge goufen zréckgesat well ausser der Liedinterpretatiounsklass déi mer Iech gäre gleewen, Feeler an der Schreifweis bei Ären Ännerungen virkomm sinn. Bei Ännerungen mat Feeler déi vun engem onbekannte Mataarbechter gemmach ginn, gëtt emol prinzipiell zréckgesat, an duerno kucke mer wat dervunner ze gebrauchen ass.
3) Et huet nach kee behaapt et géif keng Liedinterpretatiounsklass am stater Conservatoire. Les Meloures 21:14, 29. Abr 2008 (UTC)


Gudden Owend.
"dat mat der "a Liedinterpretatioun" misst mol ee mer op der Websäit vum stater Cons. weisen)" war mäi Kommentar, nodeems ech op der Websäit vum Stater Conservatoire sou wäit wéi et mär méiglech war, nogekuckt hunn, ob dat, wat een drageschriwwen hat, mat deem iwwereestëmmt, wat op där Websäit steet. Am "Département Chant, Théâtre et Danse" hunn ech bei "Chant et art lyrique" de "Chant" fonnt. No der "Liedinterpretatioun" hunn ech gekuckt, ech hu se awer net fonnt. Doropshin hunn ech dat, bis datt déi Eenzelheet geklärt wier, mol erausgeholl, wat och aus mengem Kommentar ervirgeet. Esou einfach war et.
Dofir wonneren ech mech, datt dat hei als "an d'wärt dach kén elo behâpten" behandelt gëtt. Ech wäert mech hidden, iwwerhaapt eppes ze behaapten!
Dozou nach e puer Wierder: Wouhir kéint ech wëssen, wien dat mat der Liedinterpretatiounsklass draschreift? Well et mer net egal ass, wat hei an der Wikipedia steet, leeën ech grousse Wäert drop, fir, sou gutt dat mer méiglech ass, nozepréiwen. Dat nost wat do méiglech war, war d'Websäit vum Conservatoire. Well mer nach keng Foto vum Georges Backes hunn, hat ech souwisou wëlles, wann d'Zäit mer et erlaabt, (ech erënneren drun, datt déi Aarbecht am Benevolat gemaach gëtt!) Kontakt opzehuele mam Här Backes. Ech huele gär him seng Invitatioun un, a wäert kucken, fir esou séier wéi méiglech un hien ze kommen, datt mer mat dem Artikel iwwert hie weiderkommen. An ech hoffen, datt mer nach vill vu senge Kollegen hei an Artikele "verpaakt" kréien. Well ech selwer e grousse Frënd vum Lied sinn, ass dëst eng gutt Geleeënheet, Mëssverständnesser aus der Welt ze schafen an eppes bäizeléieren. Bis gläich. --Cornischong 22:50, 29. Abr 2008 (UTC)


".... huet duerch ganz Europa (Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Belsch, Holland, England, Irland, Italien, Spuenien, Portugal ... Israel a.a.) "
Solle mer dann elo gutthalen, datt Israel an Europa läit? An den Ausdrock "ganz" Europa: Wann et ganz Europa ass, da brauche mer d'Länner net opzezielen. A wann et net ganz Europa ass, dann ...... --Cornischong 00:17, 30. Abr 2008 (UTC)