Miami University John E. Dolibois European Center

Vu Wikipedia
Miami University John E. Dolibois European Center
Typ Universitéit
Land Lëtzebuerg
Gegrënnt 1968
Genannt no John Ernest Dolibois
Um Spaweck https://www.miamioh.edu/global-initiatives/education-abroad/mudec/
D'MUDEC ass zënter 1997 am Déifferdenger Schlass

D'Miami University John E. Dolibois European Center (MUDEC) ass den europäesche Campus vun der amerikanescher Miami University vun Oxford, Ohio. E bitt Coursen a Sozial- an Humanwëssenschaften un.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Se gouf 1968 als Miami University European Center (MUEC) gegrënnt. Ufanks waren et eng 40 amerikanesch Studenten, déi do en Auslandssemester absolvéiert hunn, haut sinn et der ëm déi 130.

1988 krut d'MUDEC hiren haitegen Numm, fir den John E. Dolibois ze wierdegen, e gebiertege Lëtzebuerger, dee joerzéngtelaang op der Miami University geschafft huet an och vun 1981 bis 1985 US-amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg war.

D'MUDEC ass zanter 1997 am Déifferdenger Schlass installéiert, virdru war se noeneen op 3 verschiddenen Adressen an der Stad Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ewen, L., 2018. Die erste Universität in Luxemburg. Das Miami University John E. Dolibois European Center in Differdingen feiert sein 50-jähriges Bestehen. Luxemburger Wort vum 4. Mee 2018, S. 25.
  • Die Geschichte des Miami University Dolibois European Center (MUDEC), In Déifferdang Magazin, Nr. 8/2009, Säit 4-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Websäit vun der MUDEC