Op den Inhalt sprangen

Poupée de cire, poupée de son

Vu Wikipedia
Poupée de cire, poupée de son
De Serge Gainsbourg, d'France Gall an de Mario Del Monaco bei der Präisiwwerreechung 1965
Genre Popmusek
Sprooch Franséisch
Interpret France Gall
Komponist Serge Gainsbourg
Text Serge Gainsbourg
Produzent keng
Verëffentlecht 1965
Éischt Zeil Je suis une poupée de cire, une poupée de son
Auteursrechter geschützt

Poupée de cire, poupée de son ass e Lidd vun der franséischer Sängerin France Gall, komponéiert a getext vum Serge Gainsbourg. Et war déi lëtzebuergesch Bedeelegung am Grand Prix Eurovision Song Contest 1965 zu Neapel, gesongen op Franséisch.[1]

Mat deem Lidd huet Lëtzebuerg fir déi zweet Kéier de Grand-Prix gewonnen.

D'France Gall huet och eng däitsch (Das war eine schöne Party), eng italieenesch (Io sì, tu no) an eng japanesch Versioun (Yume Miru Shanson Ningyō) vum Lidd opgeholl. Et gouf vun anere Kënschtler a villen anere Sproochen adaptéiert, dorënner op Arabesch, Dänesch, Englesch, Estnesch, Finnesch, Hebräesch, Hollännesch, Koreanesch, Portugisesch, Russesch, Schweedesch, Spuenesch, Tschechesch, Ungaresch a Vietnameesesch.

 Commons: Poupée de cire, poupée de son – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Eurovision Song Contest 1965