Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1990

Vu Wikipedia
35. Eurovision Song Contest
Datum 5. Mee 1990
Stad Zagreb (Jugoslawien)
Gebai Koncertna Dvorana Vatroslav Lisinski
Gewënner Toto Cutugno (Italien)
Zuel vu Länner 22
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Oliver Mlakar an Helga Vlahović
Interval Act „Jugoslawien am Wiessel“ – Touristefilm
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
D'Concertshal Dvorana Vatroslav Lisinski zu Zagreb, 2007

De 35. Eurovision Song Contest war de 5. Mee 1990 a Jugoslawien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Koncertna Dvorana Vatroslav Lisinski zu Zagreb. Presentateure waren den Oliver Mlakar an d'Helga Vlahović.

Am Ganzen hunn 22 Länner matgemaach. Malta a Monaco waren net dobäi. Malta wollt zwar no 15 Joer Abstinenz nees matmaachen, ass awer net zougelooss ginn, well de Maximum vun 22 Länner schonn erreecht war.

Ee Sänger war scho virdrun eng Kéier dobäi, de Ketil Stokkan fir Norwegen 1986.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Zagreb matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Italien, den Toto Cutugno mat 17 Punkte Virsprong virum Joëlle Ursull (Frankräich) a mat Gläichstand och op der zweete Plaz de Liam Reilly, dee fir Irland ugetruede war.

Fir Italie war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.ItalienToto CutugnoInsieme: 1992149
2.FrankräichJoëlle UrsullWhite & Black Blues132
2.IrlandLiam ReillySomewhere in Europe132
4.IslandStjórninEitt lag enn124
5.SpuenienAzúcar MorenoBandido96
6.GroussbritannienEmmaGive a Little Love Back to the World87
7.JugoslawienTajčiHajde da ludujemo81
8.DänemarkLonnie DevantierHallo - hallo64
9.DäitschlandChris Kempers an Daniel KovacFrei zu leben60
10.ÉisträichSimoneKeine Mauern mehr58
11.SchwäizEgon EgemannMusik klingt in die Welt hinaus51
12.BelschPhilippe LafontaineMacédomienne46
13.LëtzebuergCéline CarzoQuand je te rêve38
14.ZypernHaris AnastasiouMilas poli36
15.HollandMaywoodIk wil alles met je delen25
16.SchwedenEdin-ÅdahlSom en vind24
17.TierkeiKayahanGözlerinin hapsindeyim21
18.IsraelRitaShara barchovot16
19.GriichelandChristos Callow & WaveHoris skopo11
20.PortugalNuchaHá sempre alguém9
21.NorwegenKetil StokkanBrandenburger Tor8
21.FinnlandBeatFri?8
 Commons: Eurovision Song Contest 1990 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Lausanne (Schwäiz) Roum (Italien)
ESC 1989 Eurovision Song Contest ESC 1991