Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1958

Vu Wikipedia
3. Eurovision Song Contest
Datum 12. Mäerz 1958
Stad Hilversum (Holland)
Gebai AVRO Studios
Gewënner André Claveau (Frankräich)
Zuel vu Länner 10
Nei Participatiounen Schweden
Moderatioun Hannie Lips
Interval Act Het Metropole
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.
AVRO Studios zu Hilversum, 2006

Den 3. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war den 12. Mäerz 1958 an Holland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dëst Joer an den AVRO Studios zu Hilversum. Moderatorin war d'Hannie Lips. Eng nei Natioun, Schweden, ass derbäikomm. Groussbritannien huet awer dëst Joer net matgemaach, dofir ass d'Gesamtzuel vun de Länner d'selwecht bliwwe wéi dat Joer virdrun.

1958 huet et sech agebiergert datt de Grand Prix ëmmer soll an deem Land ofgehale ginn dat am Joer virdru gewonnen hat.

D'Gewënnerinne vun de Virjoren, d'Lys Assia an d'Corry Brokken hunn 1958 och nees matgemaach. Fir Däitschland ass fir d'zweet Kéier d'Margot Hielscher ugetrueden.

D'Ofstëmmung gouf gemaach wéi dat Joer virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Hilversum iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vu Frankräich André Claveau mat 3 Punkte Virsprong virum Lys Assia (Schwäiz). Déi drëtt Plaz krut den Domenico Modugno, dee fir Italien ugetruede war.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.FrankräichAndré ClaveauDors, mon amour27
2.SchwäizLys AssiaGiorgio24
3.ItalienDomenico ModugnoNel blu dipinto di blu13
4.SchwedenAlice BabsLilla stjärna10
5.BelschFud LeclercMa petite chatte8
5.ÉisträichLiane AugustinDie ganze Welt braucht Liebe8
7.DäitschlandMargot HielscherFür zwei Groschen Musik5
8.DänemarkRaquel RastenniJeg rev et blad ud af min dagbog3
9.HollandCorry BrokkenHeel de wereld1
9.LëtzebuergSolange BerryUn grand amour1
Frankfurt um Main (Däitschland) Cannes (frankräich)
ESC 1957 Eurovision Song Contest ESC 1959