Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1995

Vu Wikipedia
40. Eurovision Song Contest
Datum 13. Mee 1995
Stad Dublin (Irland)
Gebai Point Theatre
Gewënner Secret Garden (Norwegen)
Zuel vu Länner 23
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Mary Kennedy
Interval Act Lumen
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
D'Gewënnergrupp Secret Garden (Foto vun 2008)

De 40. Eurovision Song Contest war den 13. Mee 1995 an Irland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Point Theatre zu Dublin. Presentatrice war d'Mary Kennedy.

Am Ganzen hunn 23 Länner matgemaach.

Estland, Finnland, Litauen, Holland, Rumänien, d'Schwäiz an d'Slowakei hu misste wéinst hirem Klassement am Joer virdrun eng Zwangspaus vun engem Joer maachen. Italien a Lëtzebuerg hu fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen.

Een Interpret war scho virdru mol eng Kéier dobäi, den Arzu Ece fir d'Tierkei 1989 (Deel vu Pan).

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Dublin matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vun Norwegen, d'Grupp Secret Garden mat 29 Punkte Virsprong virum Anabel Conde (Spuenien). Déi drëtt Plaz krut de Jan Johansen, dee fir Schweden ugetruede war.

Fir Norwege war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.NorwegenSecret GardenNocturne148
2.SpuenienAnabel CondeVuelve conmigo119
3.SchwedenJan JohansenSe på mig100
4.FrankräichNathalie SantamariaIl me donne rendez-vous94
5.DänemarkAud WilkenFra Mols til Skagen92
6.KroatienMagazin & LidijaNostalgija91
7.SlowenienDarja ŠvajgerPrisluhni mi84
8.IsraelLioraAmen81
9.ZypernAlexandros PanayiSti fotia79
10.GroussbritannienLove City GrooveLove City Groove76
10.MaltaMike SpiteriKeep Me in Mind76
12.GriichelandElina KonstantopoulouPia prosefchí68
13.ÉisträichStella JonesDie Welt dreht sich verkehrt67
14.IrlandEddie FrielDreamin'44
15.IslandBo HalldórssonNúna31
16.TierkeiArzu EceSev21
17.RusslandFilipp KirkorowKolibjeljnaja dlja vulkana17
18.PolenJustynaSama15
19.Bosnien an HerzegowinaDavor PopovićDvadeset prvi vijek14
20.BelschFrédéric EtherlinckLa voix est libre8
21.PortugalTó CruzBaunilha e chocolate5
22.UngarnCsaba SzigetiÚj név egy régi ház falán3
23.DäitschlandStone & StoneVerliebt in Dich1
 Commons: Eurovision Song Contest 1995 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Dublin (Irland) Oslo (Norwegen)
ESC 1994 Eurovision Song Contest ESC 1996