Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2016

Vu Wikipedia
61. Eurovision Song Contest
Motto Come together
Datum 10., 12. a 14. Mee 2016
Stad Stockholm (Schweden)
Gebai Ericsson Globe
Gewënner Jamala,
Ukrain
Zuel vu Länner 42
Nei Participatiounen keng
Moderatioun Måns Zelmerlöw, Petra Mede
Interval Act Halleffinall 1: The grey people
Halleffinall 2: Man meets machine
Finall: Justin Timberlake: Can't Stop The Feeling!
Ofstëmmungsreegel All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, zweemol 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder.
Ericsson Globe

Den 61. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen den 10. an 12. Mee, a seng Finall de 14. Mee 2016 am "Ericsson Globe" an der schweedescher Haaptstad Stockholm. D'Presentateure fir de Concours sinn de Måns Zelmerlöw, Gewënner vum Eurovision Song Contest 2015, an d'Petra Mede, dat schonn 2013 den ESC moderéiert hat.

Lëtzebuerg hat och, wéi déi 22 Joer virdru, fräiwëlleg net matgemaach. Och Portugal, Monaco, Andorra, d'Slowakei an d'Tierkei hu fräiwëlleg net matgemaach. Rumänien gouf vum Organisateur disqualifizéiert wéinst finanzielle Problemer. Australien war no 2015 fir déi zweete Kéier nees dobäi (als associéiert EBU-Member). Am Ganzen hunn 42 Länner matgemaach.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, den Deen fir Bosnien an Herzegowina 2004, d'Poli Genowa fir Bulgarien 2011, d'Greta Salóme fir Island 2012 (mam Jónsi), den Donny Montell fir Litauen 2012, d'Ira Losco fir Malta 2002, d'Kaliopi fir d'Republik Mazedonien 1996 an 2012, de Bojan Jovović vun der Grupp Highway fir Montenegro 2005 (Member vun No Name, fir Serbien a Montenegro) an de Johannes Nymark vun der Grupp Lighthouse X fir Dänemark 2014 (Begleedungsgesank vum Emma Marrone fir Italien).

Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng éischtplacéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl hat, déi Kéier Schweden.

Den 18. Februar 2016 huet d'EBU eng Ännerung ugekënnegt an der Manéier fir d'Punkten ze verginn, fir datt d'Ofstëmmung méi transparent gëtt a bis zum Schluss méi spannend bleift. An dësem Joer ginn d'Punkte vun der Jury a vun der Telefonofstëmmung net pro Land kombinéiert, mä separat verginn. Domat vergëtt dann all Land zweemol zwielef Punkten, also duebel esouvill wéi zanter 1975 üblech. D'Vertrieder vun de Länner ginn nëmmen nach déi 12 Punkte vum beschtplazéierte Lidd vun der Jury un, d'Punkten 1 bis 8 an di 10 Punkte ginn dobäi, wéi zum Deel schonn an de Jore virdrun, nëmmen ageblennt. Nodeem d'Punkte vun der Jury all vergi goufen, ginn all Punkten aus dem Televoting vun alle Länner kombinéiert. D'Plazéierunge 26-11 vum Publikumsvoting ginn ageblennt. D'Moderatore liesen dann déi kombinéiert Punkte vir, ugefaange mam Land, mat de mannste Punkten.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun der Ukrain, d'Jamala mam Lidd 1944 mat engem Total vu 534 Punkten an engem Virspronk vun 23 Punkte virum Dami Im (Australien). Déi drëtt Plaz krut de Sergei Lasarew, dee fir Russland ugetruede war.

Fir d'Ukrain war et déi 2. Kéier no 2004, datt et de Grand Prix gewonnen hat, an déi meeschte Punkten am Televoting vum Publikum krut.

Halleffinallen

[änneren | Quelltext änneren]

1. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Halleffinall war den 10. Mee 2016.

Déi genee Punkteverdeelung gouf eréischt no der Finall bekannt gemaach fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Frankräich, Schweden a Spuenien.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
1FinnlandSandhjaSing It Away1551
2GriichelandArgoUtopian Land1644
3MoldawienLidia IsacFalling Stars1733
4UngarnFreddiePioneer4197
5KroatienNina KraljićLighthouse10133
6HollandDouwe BobSlow Down5197
7ArmenienIveta MukutschjanLoveWave2243
8San MarinoSerhatI Didn't Know1268
9RusslandSergei LasarewYou Are the Only One1342
10Tschechesch RepublikGabriela GunčíkováI Stand9161
11ZypernMinus OneAlter Ego8164
12ÉisträichZOËLoin d'ici7170
13EstlandJüri PootsmannPlay1824
14AserbaidjanSamraMiracle6185
15MontenegroHighwayThe Real Thing13 60
16IslandGreta SalómeHear Them Calling1451
17Bosnien an HerzegowinaDalal & Deen feat. Ana Rucner & JalaLjubav je11104
18MaltaIra LoscoWalk on Water3209

2. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Halleffinall war den 12. Mee 2016.

Déi genee Punkteverdeelung gouf eréischt no der Finall bekannt gemaach fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Däitschland, Groussbritannien an Italien.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
1LettlandJustsHeartbeat8132
2PolenMichał SzpakColor of Your Life6151
3SchwäizRykkaThe Last Of Our Kind1828
4IsraelHovi StarMade of Stars7147
5WäissrusslandIvanHelp You Fly1284
6SerbienZAA Sanja VučićGoodbye (Shelter)10105
7IrlandNicky ByrneSunlight1546
8MazedonienKaliopiDona1188
9LitauenDonny MontellI’ve Been Waiting for This Night4222
10AustralienDami ImSound of Silence1330
11SlowenienManuEllaBlue and Red1457
12BulgarienPoli GenowaIf Love Was a Crime5220
13DänemarkLighthouse XSoldiers of Love1734
14UkrainJamala19442287
15NorwegenAgneteIcebreaker1363
16GeorgienNika Koscharow & Young Georgian LolitazMidnight Gold9123
17AlbanienEneda TarifaFairytale1645
18BelschLaura TesoroWhat's the Pressure3274

D'Finall war de 14. Mee 2016.

Déi 26 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Grousbritannien
  • D'Gaaschtland, Schweden
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall

Am Fall vu Punktegläichheet hätt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewonnen. Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 42 Länner déi matgemaach hunn.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
10 1 Belsch Laura Tesoro What's the Pressure 181
25 2 Tschechesch Republik Gabriela Gunčíková I Stand 41
11 3 Holland Douwe Bobj Slow Down 153
17 4 Aserbaidjan Samra Miracle 117
19 5 Ungarn Freddie Pioneer 108
16 6 Italien Francesca Michielin No Degree of Separation 124
14 7 Israel Hovi Star Made of Stars 135
4 8 Bulgarien Poli Genowa If Love Was a Crime 307
5 9 Schweden Frans If I Were Sorry 261
26 10 Däitschland Jamie-Lee Ghost 11
6 11 Frankräich Amir J'ai cherché 257
8 12 Polen Michał Szpak Color of Your Life 229
2 13 Australien Dami Im Sound of Silence 511
21 14 Zypern Minus One Alter Ego 96
18 15 Serbien ZAA Sanja Vučić Goodbye (Shelter) 115
9 16 Litauen Donny Montell I've Been Waiting for This Night 200
23 17 Kroatien Nina Kraljić Lighthouse 73
3 18 Russland Sergei Lasarew You Are the Only One 491
22 19 Spuenien Barei Say Yay! 77
15 20 Lettland Justs Heartbeat 132
1 21 Ukrain Jamala 1944 534
12 22 Malta Ira Losco Walk on Water 153
20 23 Georgien Nika Koscharow & Young Georgian Lolitaz Midnight Gold 104
13 24 Éisträich ZOË Loin d'ici 151
24 25 Vereenegt Kinnekräich Joe and Jake You're Not Alone 62
7 26 Armenien Iweta Mukutschjan LoveWave 244
 Commons: Eurovision Song Contest 2016 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wien (Éisträich) Kiew (Ukrain)
ESC 2015 Eurovision Song Contest ESC 2017

Referenzen

[Quelltext änneren]