Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2010

Vu Wikipedia
55. Eurovision Song Contest
Motto Share the Moment
Datum 25., 27. a 29. Mee 2010
Stad Oslo (Norwegen)
Gebai Telenor-Arena
Gewënner Lena Meyer-Landrut (Däitschland)
Zuel vu Länner 39
Moderatioun Nadia Hasnaoui, Erik Solbakken an Haddy Jatou N'jie
Interval Act Finall: Madcon mam Lidd Glow
Ofstëmmungsreegel All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder
Telenor Arena zu Oslo
D'Gewënnerin Lena Meyer-Landrut

De 55. Eurovision Song Contest war de 25., 27. an den 29. Mee 2010 an Norwegen. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Telenor-Arena zu Oslo. Presentateure waren d'Nadia Hasnaoui, den Erik Solbakken an d'Haddy Jatou N'jie.

Lëtzebuerg huet scho wéi déi 16 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Andorra, San Marino, Montenegro, Tschechien, Ungarn, Éisträich a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 39 Länner matgemaach.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Grupp Feminnem fir Kroatien 2005 (fir Bosnien an Herzegowina) an d'Niamh Kavanagh fir Irland 1993 (Gewënner).

Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Fënnef weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem Joer Norwegen.

Déi gemëschten Ofstëmmung mat 50 % duerch den Televoting vun de Spectateure vun alle Länner a 50 % duerch eng national Jury ass weiderhi benotzt ginn an elo och fir d'Halleffinallen iwwerholl ginn. An den Halleffinalle sinn déi 10 bescht Länner an d'Finall weiderkomm. Am Joer virdru war dat nëmme fir déi néng bescht Länner de Fall, dat zéngte Land ass duerch eng Jury bestëmmt ginn. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Oslo matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Däitschland, d'Lena Meyer-Landrut mam Lidd Satellite mat 76 Punkte Virsprong virum Grupp maNga (Tierkei). Déi drëtt Plaz krut den Duo Paula Seling & Ovi, déi fir Rumänien ugetruede waren.

Fir Däitschland war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Halleffinallen

[änneren | Quelltext änneren]

1. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Halleffinall war de 25. Mee 2010.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Frankräich, Däitschland a Spuenien.

Plaz
Startnr.LandInterpretTitelPunkten
1. 10 Belsch Tom Dice Me and My Guitar 167
2. 13 Griicheland Giorgos Alkeos & Friends OPA! 133
3. 17 Island Hera Björk Je ne sais quoi 123
4. 14 Portugal Filipa Azevedo Há dias assim 89
5. 7 Serbien Milan Stanković Ovo je Balkan 79
6. 12 Albanien Juliana Pasha It's All About You 76
7. 2 Russland Peter Nalitch & Friends (MKPN) Lost and Forgotten 74
8. 8 Bosnien an Herzegowina Vukašin Brajić Thunder and Lightning 59
9. 16 Wäissrussland 3+2 feat. Robert Wells Butterflies 59
10. 1 Moldawien SunStroke Project & Olia Tira Run Away 52
11. 5 Finnland Kuunkuiskaajat Työlki ellää 49
12. 11 Malta Thea Garrett My Dream 45
13. 9 Polen Marcin Mroziński Legenda 44
14. 3 Estland Malcolm Lincoln & Manpower 4 Siren 39
15. 15 Mazedonien Gjoko Taneski Jas ja imam silata 37
16. 4 Slowakei Kristina Horehronie 24
17. 6 Lettland Aisha What For? 11

2. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Halleffinall war de 27. Mee 2010.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden.

Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Groussbritannien an Norwegen.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1. 17 Tierkei maNga We Could Be the Same 118
2. 7 Aserbaidjan Safura Drip Drop 113
3. 16 Georgien Sofia Nizharadze Shine 106
4. 10 Rumänien Paula Seling & Ovi Playing with Fire 104
5. 4 Dänemark Chanée & N’Evergreen In a Moment like This 101
6. 2 Armenien Eva Rivas Apricot Stone 83
7. 8 Ukrain Alyosha Sweet People 77
8. 3 Israel Harel Skaat Milim 71
9. 12 Irland Niamh Kavanagh It's for You 67
10. 14 Zypern Jon Lilygreen & The Islanders Life Looks Better in Spring 67
11. 6 Schweden Anna Bergendahl This Is My Life 62
12. 1 Litauen InCulto East European Funk 44
13. 15 Kroatien Feminnem Lako je sve 33
14. 9 Holland Sieneke Ik ben verliefd (Sha-la-lie) 29
15. 13 Bulgarien Miro Angel si ti (You Are an Angel) 19
16. 11 Slowenien Roka Žlindre & Kalamari Narodnozabavni rock 6
17. 5 Schwäiz Michael von der Heide Il pleut de l'or 2

D'Finall war den 29. Mee 2010.

Déi 25 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 4" (Big-4) Frankräich, Däitschland, Spuenien a Grousbritannien
  • D'Gaaschtland, Norwegen
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall

Am Fall vu Punktegläichheet op der éischter Plaz sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen.

Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 39 Länner déi matgemaach haten.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1. 22 Däitschland Lena Satellite 246
2. 14 Tierkei maNga We Could Be the Same 170
3. 19 Rumänien Paula Seling & Ovi Playing with Fire 162
4. 25 Dänemark Chanée & N’Evergreen In a Moment like This 149
5. 1 Aserbaidjan Safura Drip Drop 145
6. 7 Belsch Tom Dice Me and My Guitar 143
7. 21 Armenien Eva Rivas Apricot Stone 141
8. 11 Griicheland Giorgos Alkeos & Friends OPA! 140
9. 13 Georgien Sofia Nizharadze Shine 136
10. 17 Ukrain Alyosha Sweet People 108
11. 20 Russland Peter Nalitch & Friends (MKPN) Lost and Forgotten 90
12. 18 Frankräich Jessy Matador Allez olla olé 82
13. 8 Serbien Milan Stanković Ovo je Balkan 72
14. 24 Israel Harel Skaat Milim מילים 71
15. 2 Spuenien Daniel Diges Algo pequeñito 68
16. 15 Albanien Juliana Pasha It's All About You 62
17. 6 Bosnien an Herzegowina Vukašin Brajić Thunder and Lightning 51
18. 23 Portugal Filipa Azevedo Há dias assim 43
19. 16 Island Hera Björk Je ne sais quoi 41
20. 3 Norwegen Didrik Solli-Tangen My Heart Is Yours 35
21. 5 Zypern Jon Lilygreen & The Islanders Life Looks Better in Spring 27
22. 4 Moldawien SunStroke Project & Olia Tira Run Away 27
23. 10 Irland Niamh Kavanagh It's for You 25
24. 9 Wäissrussland 3+2 feat. Robert Wells Butterflies 18
25. 12 Groussbritannien Josh That Sounds Good to Me 10
 Commons: Eurovision Song Contest 2010 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Moskau (Russland) Düsseldorf (Däitschland))
ESC 2009 Eurovision Song Contest ESC 2011

Referenzen

[Quelltext änneren]