Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2005

Vu Wikipedia
50. Eurovision Song Contest
Motto Awakening
Datum 19. Mee an 21. Mee 2005
Stad Kiew (Ukrain)
Gebai Palats Sportu
Gewënner Elena Paparizou (Griicheland)
Zuel vu Länner 39, dovu 24 an der Finall
Nei Participatiounen Bulgarien, Moldawien
Moderatioun Marija Jefrossynina a Pawlo Schylko
Interval Act Ruslana mat "The Same Star"; De Kiew Perkussion Ensemble ARS NOVA; Anatoli Salewski
Ofstëmmungsreegel All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.

De 50. Eurovision Song Contest war den 19. an 21. Mee 2005 an der Ukrain. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Sportpalast (Palats Sportu) zu Kiew. Presentateure waren d'Marija Jefrossynina an de Pawlo Schylko (DJ Pasha). Den ukrainesche President Wiktor Juschtschenko an déi ukrainesch Premierministesch Julija Tymoschenko si bei der Finall perséinlich dobäi gewiescht.

Bulgarien a Moldawien si nei derbäikomm. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 11 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien an d'Slowakei hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 39 Länner matgemaach. Dat war déi bis dohi gréissten Zuel u Länner déi matgemaach hunn.

Wéinst der grousser Zuel u Länner déi wollte matmaachen ass och dëst Joer eng Qualifikatiounsronn (Halleffinall) ofgehale ginn. 25 Länner sinn den 19. Mee géinteneen ugetratt. Déi zéng bescht hu sech fir d'Finall den 21. Mee qualifizéiert. Do si se dann op déi 14 Länner getraff déi sech am Joer virdru scho fir d'Finall qualifizéiert haten (dat waren déi Big-4: Frankräich, Däitschland, Groussbritannien, Spuenien an déi 10 bescht aus der Finall vun 2004).

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, de Constantinos Christoforou fir Zypern 1996 an 2002 (Deel vum Grupp One), d'Elena Paparizou fir Griicheland 2001 (Deel vum Grupp Antique), d'Selma fir Island 1999 an d'Chiara fir Malta 1998.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. Och dëst Joer ass den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner benotzt gi fir ofzestëmmen. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Kiew matgedeelt ginn. D'Länner hunn alleguer, souwuel an der Halleffinall, wéi och an der Finall däerfen ofstëmmen.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Griicheland, d'Elena Paparizou mat 38 Punkte Virsprong virum Chiara (Malta). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Luminița Anghel & Sistem, déi fir Rumänien ugetruede waren.

Fir Griicheland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Plazen an der Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

No der Qualifikatiounsronn sinn nëmmen d'Nimm vun de Länner genannt ginn, déi an d'Finall weider komm sinn. D'Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach gi fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.14RumänienLuminița Anghel & SistemLet Me Try235
2.4MoldawienZdob și ZdubBunica bate doba207
3.24DänemarkJakob SveistrupTalking to You185
4.20KroatienBoris Novković feat. Lado membersVukovi umiru sami169
5.15UngarnNOXForogj világ167
6.13NorwegenWig WamIn My Dreams164
7.7IsraelShiri MaymonHasheket shenish’ar158
8.19SchwäizVanilla NinjaCool Vibes114
9.17MazedonienMartin VučićMake My Day97
10.5LettlandValters & KažaThe War Is Not Over85
11.25PolenIvan & DelfinCzarna dziewczyna81
12.23SlowenienOmar NaberStop69
13.8WäissrusslandAnschalika AhurbaschLove Me Tonight67
14.9HollandGlennis GraceMy Impossible Dream53
14.22IrlandDonna & JoeLove?53
16.10IslandSelmaIf I Had Your Love52
17.3Portugal2BAmar51
18.16FinnlandGeir RönningWhy50
19.21BulgarienKaffeLorraine49
20.12EstlandSuntribeLet's Get Loud31
21.1ÉisträichGlobal.KrynerY así30
22.11BelschNuno ResendeLe grand soir29
23.18AndorraMarian van de WalLa mirada interior27
24.6MonacoLise DarlyTout de moi22
25.2LitauenLaura & the LoversLittle by Little17

Déi Länner, déi sech net fir d'Finall qualifizéiert haten, hunn och nees 2006 misse bei der Halleffinall matmaachen.

Plazen an der Finall

[änneren | Quelltext änneren]
PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.19GriichelandElena PaparizouMy Number One230
2.3MaltaChiaraAngel192
3.4RumänienLuminița Anghel & SistemLet Me Try158
4.11IsraelShiri MaymonHasheket shenish’ar154
5.23LettlandValters & KažaThe War Is Not Over153
6.7MoldawienZdob și ZdubBunica bate doba148
7.12Serbien-MontenegroNo NameZauvijek moja137
8.22SchwäizVanilla NinjaCool Vibes128
9.5NorwegenWig WamIn My Dreams125
9.13DänemarkJakob SveistrupTalking to You125
11.18KroatienBoris Novković feat. Lado membersVukovi umiru sami115
12.1UngarnNOXForogj világ97
13.6TierkeiGülserenRimi rimi ley92
14.21Bosnien an HerzegowinaFeminnemCall Me79
15.20RusslandNatalja PodolskajaNobody Hurt No One57
16.8AlbanienLedina ÇeloTomorrow I Go53
17.15MazedonienMartin VučićMake My Day52
18.9ZypernConstantinos ChristoforouEla ela46
19.14SchwedenMartin StenmarckLas Vegas30
19.16UkrainGreenjollyRazom nas bahato30
21.10SpuenienSon de SolBrujería28
22.2GroussbritannienJavineTouch My Fire18
23.24FrankräichOrtalChacun pense à soi11
24.17DäitschlandGraciaRun & Hide4

De Gewënner an déi gréng markéiert Länner waren am Joer drop (2006) automatesch fir d'Finall qualifizéiert. Well Serbien-Montenegro sech zeréckgezunn hunn ass Kroatien nogeréckelt.

 Commons: Eurovision Song Contest 2005 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Istanbul (Tierkei) Athen (Griicheland)
ESC 2004 Eurovision Song Contest ESC 2006