Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2001

Vu Wikipedia
46. Eurovision Song Contest
Datum 12. Mee 2001
Stad Kopenhagen (Dänemark)
Gebai Parken Stadion
Gewënner Tanel Padar, Dave Benton an 2XL (Estland)
Zuel vu Länner 23
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Natasja Crone a Søren Pilmark
Interval Act Aqua
Ofstëmmungsreegel All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
Ee vun de Gewënner, den Tanel Padar, 2006
Ee vun de Gewënner, den Dave Benton, 2009
Parken Stadion zu Kopenhagen, 2005

De 46. Eurovision Song Contest war den 12. Mee 2001 an Dänemark. Dat Joert gouf d'Eurovisioun am Parken-Stadion zu Kopenhagen organiséiert. Presentateure waren d'Natasja Crone an de Søren Pilmark.

Fir d'Zuel vun de Länner ze reduzéiere sinn d'Plaze vun de leschte 5 Joer gekuckt ginn an déi mat de mannste Punkte hu missen e Joer Paus maachen. Betraff vun där Reegel waren d'Republik Mazedonien, Zypern, d'Schwäiz, Éisträich, Rumänien, d'Belsch a Finnland. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 7 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Ungarn an d'Slowakei hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze waren 23 Länner dobäi.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun, allerdéngs ass an de meeschte Länner den Televoting duerch d'Spectateure benotzt gi fir ofzestëmmen, mat Ausnam vu Bosnien an Herzegowina, Tierkei a Russland, wou nach eng Jury d'Ofstëmmung gemaach huet. Et ass nach eng fakultativ nei Méiglechkeet agefouert ginn fir ofzestëmmen, nämlech 50 % duerch Televoting a 50 % duerch eng Jury. Allerdéngs hunn nëmme Kroatien, Griicheland a Malta déi nei Méiglechkeet benotzt. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Kopenhagen matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vun Estland, den Tanel Padar, Dave Benton an 2XL mat 21 Punkte Virsprong virum Grupp Rollo & King (Dänemark). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Antique, déi fir Griicheland ugetruede war.

Fir Estland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.20EstlandTanel Padar, Dave Benton an 2XLEverybody198
2.23DänemarkRollo & KingNever Ever Let You Go177
3.22GriichelandAntiqueI Would Die for You147
4.14FrankräichNatasha Saint-PierJe n'ai que mon âme142
5.7SchwedenFriendsListen to Your Heartbeat100
6.13SpuenienDavid CiveraDile que la quiero76
7.17SlowenienNuša DerendaEnergy70
8.19DäitschlandMichelleWer Liebe lebt66
9.21MaltaFabrizio FanielloAnother Summer Night48
10.10KroatienVannaStrings of My Heart42
11.15TierkeiSedat YüceSevgiliye son41
12.6RusslandMumiy TrollLady Alpine Blue37
13.8LitauenSkampYou Got Style35
14.3Bosnien an HerzegowinaNinoHano29
15.16GroussbritannienLindsay D.No Dream Impossible28
16.5IsraelTal SondakEin davar25
17.11PortugalMTMEu só sei ser feliz assim18
18.9LettlandArnis MednisToo Much16
18.1HollandMichelleOut on My Own16
20.18PolenPiasek2 Long11
21.12IrlandGary O’ShaughnessyWithout Your Love6
22.2IslandTwo TrickyAngel3
22.4NorwegenHaldor LægreidOn My Own3

Déi rout markéiert Länner hunn am Joer drop (2002) wéinst hirem schlechte 5-Jores-Duerchschnëtt missen aussetzen. Lettland huet 2002 nëmmen däerfe matmaachen, well Portugal net matgemaach huet.

 Commons: Eurovision Song Contest 2001 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Stockholm (Schweden) Tallinn (Estland)
ESC 2000 Eurovision Song Contest ESC 2002