Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2000

Vu Wikipedia
45. Eurovision Song Contest
Datum 13. Mee 2000
Stad Stockholm (Schweden)
Gebai Globenarena
Gewënner Olsen Brothers (Dänemark)
Zuel vu Länner 24
Nei Participatiounen Lettland
Moderatioun Kattis Ahlström an Anders Ludin
Interval Act Film vum Johan Söderberg iwwer Europa
Ofstëmmungsreegel All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
D'Gewënner Olsen Brothers, 2008
Globenarena zu Stockholm, 2006

De 45. Eurovision Song Contest war den 13. Mee 2000 a Schweden. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Globenarena zu Stockholm. Presentateure waren d'Kattis Ahlström an den Anders Ludin.

Fir d'Zuel vun de Länner ze reduzéiere sinn d'Plaze vun de leschte 5 Joer gekuckt ginn an déi mat de mannste Punkte hu missen e Joer Paus maachen. Betraff vun dëser Reegel ware Polen, Portugal, Slowenien, Litauen a Bosnien an Herzegowina. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 6 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Ungarn, Griicheland an d'Slowakei hu fräiwëlleg net matgemaach. Lettland ass nei derbäikomm. Am Ganze ware 24 Länner derbäi.

Verschidden Interprete hate scho virdrun eng Kéier matgemaach, den Alexandros Panayi (Deel vu Voice) fir Zypern 1995, de Serafín Zubiri fir Spuenien 1992 an de Roger Pontare fir Schweden 1994.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun, allerdéngs ass an de meeschte Länner den Televoting duerch d'Spectateure benotzt gi fir ofzestëmme mat Ausnam vu Russland, der Republik Mazedonien, der Tierkei a Rumänien, wou nach eng Jury d'Ofstëmmung gemaach huet. Holland huet wéinst enger Feierkatastroph zu Enschede d'Iwwerdroung ofgebrach an huet fir d'Ofstëmmung dunn op eng Jury zeréckgegraff. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Stockholm matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertrieder vun Dänemark, d'Olsen Brothers mat 40 Punkte Virsprong virun der Alsou (Russland). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Brainstorm, déi fir Lettland ugetruede war.

Fir Dänemark war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Fir déi éischt Kéier ass och eng CD mat alle Lidder vum Grand Prix verëffentlecht ginn.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.14DänemarkOlsen BrothersFly on the Wings of Love195
2.9RusslandAlsouSolo155
3.21LettlandBrainstormMy Star136
4.4EstlandInesOnce in a Lifetime98
5.15DäitschlandStefan RaabWadde hadde dudde da?96
6.23IrlandEamonn ToalMillennium of Love92
7.18SchwedenRoger PontareWhen Spirits Are Calling My Name88
8.7MaltaClaudette PaceDesire73
9.17KroatienGoran KaranKada zaspu anđeli70
10.22TierkeiPınar Ayhan a The SOSYorgunum Anla59
11.8NorwegenCharmedMy Heart Goes Boom57
12.12IslandAugust & TelmaTell Me!45
13.2HollandLinda WagenmakersNo Goodbyes40
14.24ÉisträichThe Rounder GirlsAll to You34
15.19MazedonienXXL100% te ljubam29
16.3GroussbritannienNicki FrenchDon't Play that Song Again28
17.6RumänienTaxiThe Moon25
18.13SpuenienSerafín ZubiriColgado de un sueño18
18.20FinnlandNina ÅströmA Little Bit18
20.16SchwäizJane BogaertLa vita cos'è14
21.11ZypernVoiceNomiza8
22.1IsraelPingPongSa'me'akh7
23.5FrankräichSofia MestariOn aura le ciel5
24.10BelschNathalie SorceEnvie de vivre2

Déi rout markéiert Länner hunn am Joer drop (2001) wéinst hirem schlechte 5-Jores-Duerchschnëtt missen aussetzen.

 Commons: Eurovision Song Contest 2000 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Jerusalem (Israel) Kopenhagen (Dänemark)
ESC 1999 Eurovision Song Contest ESC 2001