Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1999

Vu Wikipedia
44. Eurovision Song Contest
Datum 29. Mee 1999
Stad Jerusalem (Israel)
Gebai International Convention Centre
Gewënner Charlotte Nilsson (Schweden)
Zuel vu Länner 23
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Yigal Ravid, Dafna Dekel a Sigal Shahamon
Interval Act Dana International mam Titel "Free"
Ofstëmmungsreegel All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
D'Gewënnerin Charlotte Nilsson, 2008
International Convention Centre zu Jerusalem, 2006

De 44. Eurovision Song Contest war den 29. Mee 1999 an Israel. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am International Convention Centre zu Jerusalem. Presentateure waren de Yigal Ravid, d'Dafna Dekel an d'Sigal Shahamon. D'Dafna Dekel war 1992 als Interpretin fir Israel ugetrueden.

Fir d'Zuel vun de Länner ze reduzéiere sinn d'Plaze vun de leschte 5 Joer gekuckt ginn an déi mat de mannste Punkte hu missen e Joer Paus maachen. Betraff vun dëser Reegel ware Finnland, Griicheland, d'Republik Mazedonien, Rumänien an d'Schwäiz. Lëtzebuerg huet scho wéi déi fënnef Joer virdrun fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Ungarn a Russland hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze waren 23 Länner dobäi.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Doris Dragović fir Kroatien 1986 (fir Jugoslawien) an d'Darja Švajger fir Slowenien 1995.

Nodeem Norwege sech dat Joer virdrun (1998) beschwéiert hat, se hätte Problemer gehat fir Sponsoren ze fannen, ass zur besserer Finanzéierung d'Big-4 Reegel agefouert ginn, wat praktesch bedeit, datt déi véier Länner Däitschland, Groussbritannien, Frankräich a Spuenien ëmmer matmaachen däerfen, egal wéi se déi Jore virdrun ofgeschnidden hunn.

Eng weider Ännerung gouf et, wat d'Sprooch vun de Lidder ubelaangt. Vun deem Joer u war et nees erlaabt, d'Sprooch fräi ze wielen. Bis dohi war nëmmen déi offiziell Sprooch (oder eng vun den offizielle Sproochen) vum jeeweilege Land erlaabt.

Vun deem Joer u war och d'Begleedung vun den Interpreten duerch en Orchester net méi obligatoresch. An Israel ass dofir decidéiert ginn, keen Orchester virzegesinn. D'Begleetmusek ass vun engem Band komm, d'Interpreten hunn awer live gesongen.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun, allerdéngs ass an de meeschte Länner den Televoting duerch d'Spectateure benotzt gi fir ofzestëmme mat Ausnam vun der Tierkei, Bosnien an Herzegowina, Irland a Litauen, wou nach eng Jury d'Ofstëmmung gemaach huet. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Jerusalem matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Schweden, d'Charlotte Nilsson mat 17 Punkte Virsprong virum Selma Björnsdóttir (Island). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Sürpriz, déi fir Däitschland ugetruede war.

Fir Schweden war et déi véiert Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.15SchwedenCharlotte NilssonTake Me to Your Heaven163
2.13IslandSelma BjörnsdóttirAll out of Luck146
3.21DäitschlandSürprizReise nach Jerusalem – Kudüs'e seyahat140
4.4KroatienDoris DragovićMarija Magdalena118
5.19IsraelEdenHappy Birthday (Yom huledet)93
6.23EstlandEvelin Samuel & CamilleDiamond of Night90
7.22Bosnien an HerzegowinaDino & BéatricePutnici86
8.9DänemarkMichael Teschl & Trine JepsenThis Time71
8.11HollandMarlayneOne Good Reason71
10.18ÉisträichBobbie SingerReflection65
11.6SlowenienDarja SvajgerFor a Thousand Years50
12.2BelschVanessa ChinitorLike the Wind38
12.5GroussbritannienPreciousSay It Again38
14.8NorwegenStig André Van EijkLiving My Life Without You35
15.20MaltaTimes ThreeBelieve 'n Peace32
16.7TierkeiTugba Önal & Grup MystikDön artık21
17.17IrlandThe MullansWhen You Need Me18
18.12PolenMietek SzczesniakPrzytul mnie mocno17
19.10FrankräichNayahJe veux donner ma voix14
20.1LitauenAistė SmilgevičiūtėStrazdas13
21.16PortugalRui BandeiraComo tudo comerçou12
22.14ZypernMarlain AngelidouTha'ne erotas2
23.3SpuenienLydiaNo quiero escuchar1

Déi rout markéiert Länner hunn am Joer drop (2000) wéinst hirem schlechte 5-Jores-Duerchschnëtt missen aussetzen.

 Commons: Eurovision Song Contest 1999 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Birmingham (Groussbritannien) Stockholm (Schweden)
ESC 1998 Eurovision Song Contest ESC 2000