Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2004

Vu Wikipedia
49. Eurovision Song Contest
Motto Under the Same Sky
Datum 12. Mee a 15. Mee 2004
Stad Istanbul (Tierkei)
Gebai Abdi İpekçi Arena
Gewënner Ruslana (Ukrain)
Zuel vu Länner 36, dovu 24 an der Finall
Nei Participatiounen Albanien, Andorra, Serbien a Montenegro, Wäissrussland
Moderatioun Meltem Cumbul a Korhan Abay
Interval Act Halleffinall: ABBA-Our Last Video Ever; Finall: Tourismus-Reklamm a Fire of Anatolia
Ofstëmmungsreegel All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
D'Gewënnerin Ruslana, 2008

Den 49. Eurovision Song Contest war den 12. a 15. Mee 2004 an der Tierkei. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Abdi İpekçi Arena zu Istanbul. Presentateure waren d'Meltem Cumbul an de Korhan Abay.

Nei derbäikomm sinn Albanien, Andorra, Serbien a Montenegro a Wäissrussland. Monaco, dat 1979 fir d'lescht dobäi war, huet dëst Joer och fir d'éischt nees matgemaach. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 10 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Ungarn, an d'Slowakei hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hu 36 Länner matgemaach. Dat war déi bis dohi gréissten Zuel u Länner déi matgemaach hunn.

Opgrond vun der grousser Zuel u Länner déi wollte matmaachen ass eng Qualifikatiounsronn (Halleffinall) agefouert ginn. 22 Länner sinn den 12. Mee géinteneen ugetratt. Déi zéng bescht hu sech fir d'Finall de 15. Mee qualifizéiert. Do si se dann op déi 14 Länner getraff déi sech am Joer virdru scho fir d'Finall qualifizéiert haten.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. Dëst war dat éischt Joer wou den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner benotzt ginn ass fir ofzestëmmen. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Istanbul matgedeelt ginn. D'Länner hunn alleguer, souwuel an der Halleffinall, wéi och an der Finall däerfen ofstëmmen. Allerdéngs ass d'Halleffinall a Frankräich, Polen a Russland net iwwerdroe ginn a konnten dofir och net ofstëmmen.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun der Ukrain, d'Ruslana mat 17 Punkte Virsprong virum Grupp Željko Joksimović & Ad Hoc Orchestra (Serbien a Montenegro). Déi drëtt Plaz krut de Sakis Rouvas, dee fir Griicheland ugetruede war.

Fir d'Ukrain war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Plazen an der Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

No der Qualifikatiounsronn sinn nëmmen d'Plazen 11 bis 22 bekannt gemaach ginn. Bei de Plazen 1 - 10 si keng Punkte bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.20Serbien a MontenegroŽeljko Joksimović & Ad Hoc OrchestraLane moje263
2.11UkrainRuslanaWild Dances256
3.10GriichelandSakis RouvasShake It238
4.13AlbanienAnjeza ShahiniThe Image of You167
5.14ZypernLisa AndreasStronger Every Minute149
6.22HollandRe-unionWithout You146
7.21Bosnien an HerzegowinaDeenIn the Disco133
8.8MaltaJulie & LudwigOn Again … off Again74
9.18KroatienIvan MikulićYou Are the Only One72
10.15MazedonienToše ProeskiLife71
11.5IsraelDavid D'OrLeha’amin57
11.17EstlandNeiokõsõTii57
13.19DänemarkTomas ThordarsonShame on You56
14.1FinnlandJari SillanpääTakes 2 to Tango51
15.7PortugalSofiaFoi magia38
16.12LitauenLinas ir SimonaWhat's Happened to Our Love26
17.4LettlandFomins & KleinsDziesma par laimi23
18.6AndorraMarta RoureJugarem a estimar-nos12
19.2WäissrusslandAljaksandra & KanstanzinMy Galileo10
19.9MonacoMaryonNotre planète10
21.16SlowenienPlatinStay Forever5
22.3SchwäizPiero Esteriore & the MusicStarsCelebrate0

Déi Länner, déi sech net fir d'Finall qualifizéiert haten, hunn och nees 2005 misse bei der Halleffinall matmaachen.

Plazen an der Finall

[änneren | Quelltext änneren]
PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.10UkrainRuslanaWild Dances280
2.5Serbien a MontenegroŽeljko Joksimović & Ad Hoc OrchestraLane moje263
3.16GriichelandSakis RouvasShake It252
4.22TierkeiAthenaFor Real195
5.21ZypernLisa AndreasStronger Every Minute170
6.24SchwedenLena PhilipssonIt Hurts170
7.9AlbanienAnjeza ShahiniThe Image of You106
8.8DäitschlandMaxCan't Wait Until Tonight93
9.12Bosnien an HerzegowinaDeenIn the Disco91
10.1SpuenienRamónPara llenarme de ti87
11.14RusslandJulia SavichevaBelieve Me67
12.6MaltaJulie & LudwigOn Again … off Again50
13.11KroatienIvan MikulićYou Are the Only One50
14.15MazedonienToše ProeskiLife47
15.4FrankräichJonatan CerradaA chaque pas40
16.20GroussbritannienJames FoxHold On to Our Love29
17.19PolenBlue CaféLove Song27
18.23RumänienSanda LadoşiI Admit18
19.17IslandJónsiHeaven16
20.7HollandRe-unionWithout You11
21.2ÉisträichTie BreakDu bist9
22.13BelschXandee1 Life7
23.18IrlandChris DoranIf My World Stopped Turning7
24.3NorwegenKnut Anders SørumHigh3

De Gewënner an déi gréng markéiert Länner waren am Joer drop (2005) automatesch fir d'Finall qualifizéiert.

 Commons: Eurovision Song Contest 2004 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Riga (Lettland) Kiew (Ukrain)
ESC 2003 Eurovision Song Contest ESC 2005