Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1997

Vu Wikipedia
42. Eurovision Song Contest
Datum 3. Mee 1997
Stad Dublin (Irland)
Gebai Point Theatre
Gewënner Katrina and the Waves (Groussbritannien)
Zuel vu Länner 25
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Ronan Keating a Carrie Crowley
Interval Act Ronan Keating a Boyzone
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.

Den 42. Eurovision Song Contest war den 3. Mee 1997 an Irland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Point Theatre zu Dublin. Presentateure waren d'Carrie Crowley an de Ronan Keating.

Fir d'Zuel vun de Länner ze reduzéire sinn d'Plaze vun de leschte 5 Joer gekuckt ginn an déi mat de mannste Punkte hu missen e Joer Paus maachen. Betraff vun dëser Reegel waren d'Belsch, Finnland, Rumänien an d'Slowakei. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 3 Joer virdrun fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Israel huet fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze ware 25 Länner dobäi.

Verschidden Interprete ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Alma Čardžić fir Bosnien an Herzegowina 1994, d'Maarja-Liis Ilus fir Estland 1996 an d'Şebnem Paker fir d'Tierkei 1996.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Dublin matgedeelt ginn. Allerdéngs ass d'Jury an Däitschland, Éisträich, der Schwäiz, Schweden a Groussbritannie fir déi éischt Kéier mat enger Ofstëmmung vun de Spectateuren iwwer Telefon ersat ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Groussbritannien, d'Katrina and the Waves mat 70 Punkte Virsprong virum Marc Roberts (Irland). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Şebnem Paker & Grup Etnic, déi fir d'Tierkei ugetruede war.

Fir Groussbritannie war et déi fënneft Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.GroussbritannienKatrina and the WavesLove shine a light227
2.IrlandMarc RobertsMysterious woman157
3.TierkeiŞebnem Paker & Grup EtnicDinle121
4.ItalienJalisseFiumi déi parole114
5.ZypernHara & Andreas KonstantinouMana mou98
6.SpuenienMarcos LlunasSin rencor96
7.FrankräichFannySentiments songes95
8.EstlandMaarja-Liis IlusKeelatud maa82
9.MaltaDebbie ScerriLet me fly66
10.SlowenienTanja RibičZbudi se60
11.PolenAnna Maria JopekAle jestem54
12.GriichelandMarianna ZorbaHorepse39
12.UngarnV.I.P.Miért kell, hogy elmenj?39
14.SchwedenBlondBara hon älskar mig36
15.RusslandAlla PugatschowaPrimadonna33
16.DänemarkKølig KajStemmen i mit liv25
17.KroatienE.N.I.Probudi me24
18.DäitschlandBianca ShomburgZeit22
18.Bosnien an HerzegowinaAlma ČardžićGoodbye22
20.IslandPaul OscarMinn hinsti dans18
21.ÉisträichBettina SoriatOne Step12
22.SchwäizBarbara BertaDentro déi me5
22.HollandMrs. EinsteinNiemand heeft nog tijd5
24.NorwegenTor EndresenSan Francisco0
24.PortugalCélia LawsonAntes do adeus0
 Commons: Eurovision Song Contest 1997 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Oslo (Norwegen) Birmingham (Groussbritannien)
ESC 1996 Eurovision Song Contest ESC 1998