Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2009

Vu Wikipedia
54. Eurovision Song Contest
Motto Fire Bird
Datum 12. Mee, 14. Mee a 16. Mee 2009
Stad Moskau (Russland)
Gebai Olimpijski
Gewënner Alexander Rybak (Norwegen)
Zuel vu Länner 42
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Natalja Wodjanowa & Andrei Malachow & Alsou & Iwan Urgant
Interval Act Halleffinallen: Alexandrov Ensemble feat. t.A.T.u an Igor Moiseyev Ensemble, Finall: Fuerzabruta
Ofstëmmungsreegel All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder
De Gewënner Alexander Rybak

De 54. Eurovision Song Contest war den 12., 14. an de 16. Mee 2009 a Russland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Olimpijski (Olympiastadion) zu Moskau. Presentateure waren d'Natalja Wodjanowa an den Andrei Malachow an den Halleffinallen an d'Alsou an den Iwan Urgant an der Finall.

Lëtzebuerg huet scho wéi déi 15 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Georgien, San Marino, Éisträich a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 42 Länner matgemaach.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, de Sakis Rouvas fir Griicheland 2004 an d'Chiara fir Malta 1998 an 2005.

Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Fënnef weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem Fall Russland.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass dëst Joer geännert ginn. Den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner ass weiderhi benotzt gi fir ofzestëmmen, awer nëmmen zu 50 %. Déi aner 50 % vun de Stëmme sinn aus all Land vun enger professioneller Jury vu 5 Leit komm. An den Halleffinalle sinn 9 Länner duerch den Televoting bestëmmt ginn, dat zéngt Land gouf duerch eng Back-up Jury bestëmmt. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Moskau matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Norwegen, den Alexander Rybak mat 169 Punkte Virsprong virum Yohanna (Island). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp AySel & Arash, déi fir den Aserbaidjan ugetruede war.

Fir Norwege war et déi drëtt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. De Gewënner huet mat 387 Punkten dat bis dohi bei engem Grand Prix bescht Resultat erreecht.

Halleffinallen

[änneren | Quelltext änneren]

1. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Halleffinall war den 12. Mee 2009.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Däitschland a Groussbritannien.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.12IslandYohannaIs It True?174
2.9TierkeiHadiseDüm tek tek172
3.18Bosnien an HerzegowinaReginaBistra voda125
4.5SchwedenMalena ErnmanLa voix105
5.6ArmenienInga & AnuschJan Jan99
6.17MaltaChiaraWhat if We86
7.10IsraelNoa & Mira AwadThere Must Be Another Way75
8.16PortugalFlor-de-LisTodas as ruas do amor70
9.14RumänienElenaThe Balkan Girls67
10.13MazedonienNext TimeNešto što kje ostane45
11.1MontenegroAndrea DemirovićJust Get out of My Life44
12. 115FinnlandWaldo's PeopleLose Control42
13.4WäissrusslandPjotr JalfimauEyes that Never Lie25
14.8SchwäizLovebugsThe Highest Heights15
15.7AndorraSusanne GeorgiLa teva decisió (Get a Life)8
16.11BulgarienKrassimir AwramowIllusion7
17.3BelschCopycatCopycat1
18.2TschechienGipsy.czAven Romale0

1 Déi zéngt Qualifikatiounsplaz ass duerch eng Jury bestëmmt ginn. Dat bescht Land dat net ënner den néng éischte Plaze war, déi duerch den Televoting bestëmmt goufen, krut déi zéngt Plaz an der Finall.

2. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Halleffinall war de 14. Mee 2009.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden.

Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Frankräich, Spuenien a Russland.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.6NorwegenAlexander RybakFairytale201
2.12AserbaidjanAySel & ArashAlways180
3.18EstlandUrban SymphonyRändajad115
4.13GriichelandSakis RouvasThis Is Our Night110
5.15MoldawienNelly CiobanuHora din Moldova106
6.17UkrainSwitlana LobodaBe My Valentine! (Anti-Crisis Girl)80
7.16AlbanienKejsi TolaCarry Me in Your Dreams73
8.9DänemarkBrinckBelieve Again69
9.14LitauenSasha SonLove66
10.4SerbienMarko Kon & MilaanCipela60
11.2IrlandSinéad Mulvey & Black DaisyEt Cetera52
12.5PolenLidia KopaniaI Don't Wanna Leave43
13. 11KroatienIgor Cukrov feat. AndreaLijepa tena33
14.7ZypernChristina MetaxaFirefly32
15.11UngarnZoli ÁdokDance with Me16
16.10SlowenienQuartissimo feat. MartinaLove Symphony14
17.19HollandThe ToppersShine11
18.8SlowakeiKamil Mikulčík & Nela PociskováLeť tmou8
19.3LettlandIntars BusulisProbka7

1 Déi zéngt Qualifikatiounsplaz ass duerch eng Jury bestëmmt ginn. Dat bescht Land dat net ënner den néng éischte Plaze war, déi duerch den Televoting bestëmmt goufen, krut déi zéngt Plaz an der Finall.

D'Finall war de 16. Mee 2009.

Déi 25 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 4" (Big-4) Frankräich, Däitschland, Spuenien a Grousbritannien
  • D'Gaaschtland, Russland
  • Déi bescht 9 Länner aus der éischter Halleffinall plus 1 Land mat enger Wildcard duerch d'Jury
  • Déi bescht 9 Länner aus der zweeter Halleffinall plus 1 Land mat enger Wildcard duerch d'Jury

Am Fall vu Punktegläichheet op der éischter Plaz sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen.

Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 42 Länner déi matgemaach haten.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.20NorwegenAlexander RybakFairytale387
2.7IslandYohannaIs It True?218
3.11AserbaidjanAySel & ArashAlways207
4.18TierkeiHadiseDüm tek tek177
5.23GroussbritannienJade EwenIt's My Time173
6.15EstlandUrban SymphonyRändajad129
7.8GriichelandSakis RouvasThis Is Our Night120
8.3FrankräichPatricia KaasEt s'il fallait le faire107
9.12Bosnien an HerzegowinaReginaBistra voda106
10.9ArmenienInga & AnuschJan Jan92
11.10RusslandAnastasija PrychodkoMamo91
12.21UkrainSwitlana LobodaBe My Valentine! (Anti-Crisis Girl)76
13.16DänemarkBrinckBelieve Again74
14.13MoldawienNelly CiobanuHora din Moldova69
15.6PortugalFlor-de-LisTodas as ruas do amor57
16.2IsraelNoa & Mira AwadThere Must Be Another Way53
17.19AlbanienKejsi TolaCarry Me in Your Dreams48
18.5KroatienIgor Cukrov feat. AndreaLijepa tena45
19.22RumänienElenaThe Balkan Girls40
20.17DäitschlandAlex Swings Oscar Sings!Miss Kiss Kiss Bang35
21.4SchwedenMalena ErnmanLa voix33
22.14MaltaChiaraWhat if We31
23.1LitauenSasha SonLove23
23.25SpuenienSorayaLa noche es para mí (The Night Is for Me)23
25.24FinnlandWaldo's PeopleLose Control22
 Commons: Eurovision Song Contest 2009 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Belgrad (Serbien) Oslo (Norwegen)
ESC 2008 Eurovision Song Contest ESC 2010
 Commons: Eurovision 2007 – Biller, Videoen oder Audiodateien