Eurovision Song Contest 2014

Vu Wikipedia
59. Eurovision Song Contest
Motto #JoinUs
Datum 6., 8. an 10. Mee 2014
Stad Kopenhagen (Dänemark)
Gebai B&W Hallerne, Kopenhagen
Gewënner Conchita Wurst,
Éisträich
Zuel vu Länner 37
Moderatioun Lise Rønne, Nikolaj Koppel, Pilou Asbæk
Interval Act Finall: Rainmaker (Emmelie de Forest an déi 26 Finalisten)
Ofstëmmungsreegel All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder.
B&W Hallerne

De 59. Eurovision Song Contest huet seng zwou Halleffinallen de 6. an 8. Mee, a seng Finall den 10. Mee 2014 an der "B&W Hallerne" an der dänescher Haaptstad Kopenhagen. Et handelt sich bei där Hal ëm eng fréier Hal vun enger Werft. D'Insel Refshaleøen, op där dat alt Werftgelänn ass, gëtt an de Concours mat abezunn a soll als Eurovision Island de Visiteuren en eemoleg Erliefnes bidden. D'Presentateure fir de Concours waren d'Lise Rønne, de Nikolaj Koppel an de Pilou Asbæk.

Lëtzebuerg huet och wéi déi 20 Joer virdru fräiwëlleg net matgemaach. Och Bulgarien, Kroatien, Serbien, Bosnien an Herzegowina, Monaco, Zypern, Andorra, Tschechien, d'Slowakei an d'Tierkei hunn och fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze ware 37 Länner dobäi.

Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng éischtplacéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, déi Kéier Dänemark.

Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Éisträich, d'Conchita Wurst mam Lidd Rise Like a Phoenix mat engem Total vun 290 Punkten an engem Virsprong vun 52 Punkte virun der Grupp The Common Linnets (Holland). Déi drëtt Plaz krut d'Sanna Nielsen, déi fir Schweden ugetruede war.

Fir Éisträich war et déi zweet Kéier no 1966 datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Halleffinallen[änneren | Quelltext änneren]

1. Halleffinall[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Halleffinall war de 6. Mee 2014.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Dänemark, Frankräich a Spuenien. An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
01 Armenien Aram Mp3 Not alone 04. 121
02 Lettland Aarzemnieki Cake to bake 13. 33
03 Estland Tanja Amazing 12. 36
04 Schweden Sanna Nielsen Undo 02. 131
05 Island Pollapönk No Prejudice 08. 61
06 Albanien Hersi Matmuja One Night's Anger 15. 22
07 Russland Tolmatschowa-Schwësteren Shine 06. 63
08 Aserbaidjan Dilara Kazimova Start a Fire 09. 57
09 Ukrain Marija Jaremtschuk Tick-Tock 05. 118
10 Belsch Axel Hirsoux Mother 14. 28
11 Moldawien Cristina Scarlat Wild Soul 16. 13
12 San Marino Valentina Monetta Maybe 10. 40
13 Portugal Suzy Quero ser tua 11. 39
14 Holland The Common Linnets Calm after the Storm 01. 150
15 Montenegro Sergej Ćetković Moj Svijet 07. 63
16 Ungarn Kállay-Saunders Running 03. 127

2. Halleffinall[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Halleffinall war den 8. Mee 2014.

Déi genee Punkteverdeelung gouf eréischt no der Finall bekannt gemaach fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall sinn d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Italien, Däitschland a Groussbritannien.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
01 Malta Firelight Coming Home 09. 63
02 Israel Mei Feingold Same Heart 14. 19
03 Norwegen Carl Espen Silent Storm 06. 77
04 Georgien The Shin & Mariko Three Minutes to Earth 15. 15
05 Polen Donatan & Cleo My Słowianie (Slavic Girls) 08. 70
06 Éisträich Conchita Wurst Rise Like a Phoenix 01. 169
07 Litauen Vilija Matačiūnaitė Attention 11. 36
08 Finnland Softengine Something Better 03. 97
09 Irland Can-linn feat. Kasey Smith Heartbeat 12. 35
10 Wäissrussland Teo Cheesecake 05. 87
11 Mazedonien Tijana Dapčević To The Sky 13. 33
12 Schwäiz Sebalter Hunter of Stars 04. 92
13 Griicheland Freaky Fortune feat. Risky Kidd Rise Up 07. 74
14 Slowenien Tinkara Kovač Spet (Round and Round) 10. 52
15 Rumänien Paula Seling & Ovi Miracle 02. 125

Finall[änneren | Quelltext änneren]

D'Finall war den 10. Mee 2014.

Déi 26 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Grousbritannien
  • D'Gaaschtland, Dänemark
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall

Am Fall vu Punktegläichheet hätt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewonnen. Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 37 Länner déi matgemaach haten.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Punkten
06. 01 Ukrain Marija Jaremtschuk Tick-Tock 113
16. 02 Wäissrussland Teo Cheesecake 43
22. 03 Aserbaidjan Dilara Kazimova Start a Fire 33
14. 04 Island Pollapönk No Prejudice 58
08. 05 Norwegen Carl Espen Silent Storm 88
12. 06 Rumänien Paula Seling & Ovi Miracle 72
04. 07 Armenien Aram Mp3 Not alone 174
19. 08 Montenegro Sergej Ćetković Moj Svijet 37
14. 09 Polen Donatan & Cleo My Słowianie (We Are Slavic) 62
20. 10 Griicheland Freaky Fortune feat. Risky Kidd Rise Up 35
01. 11 Éisträich Conchita Wurst Rise Like a Phoenix 290
18. 12 Däitschland Elaiza Is It Right 39
03. 13 Schweden Sanna Nielsen Undo 218
26. 14 Frankräich Twin Twin Moustache 2
07. 15 Russland Tolmatschowa-Schwësteren Shine 89
21. 16 Italien Emma Marrone La mia città 33
25. 17 Slowenien Tinkara Kovač Round and Round 9
11. 18 Finnland Softengine Something Better 72
10. 19 Spuenien Ruth Lorenzo Dancing in the Rain 74
13. 20 CHECHE Schwäiz Sebalter Hunter of Stars 64
05. 21 Ungarn Kállay-Saunders Running 143
23. 22 Malta Firelight Coming Home 32
09. 23 Dänemark Basim Cliché Love Song 74
02. 24 Holland The Common Linnets Calm After the Storm 238
24. 25 San Marino Valentina Monetta Maybe 14
17. 26 Vereenegt Kinnekräich Molly Children Of The Universe 40

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eurovision Song Contest 2014 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Malmö (Schweden) Wien (Éisträich)
ESC 2013 Eurovision Song Contest ESC 2015

Referenzen[Quelltext änneren]