Emmelie de Forest

Vu Wikipedia
Emmelie de Forest
Gebuertsnumm Emmelie Charlotte-Victoria de Forest
Gebuer 28. Februar 1993
Nationalitéit Dänemark
Aktivitéit Sänger, Komponist, Lidderschreiwer, Discographesche Kënschtler

D'Emmelie Charlotte-Victoria de Forest, gebuer den 28. Februar 1993 zu Randers, besser bekannt als Emmelie de Forest, ass eng dänesch Popsängerin.

Musikalesch Ufänk[änneren | Quelltext änneren]

D'Emmelie de Forest huet scho mat 9 Joer ugefaangen als Sängerin. Mat 14 Joer ass se mat dem schottesche Museker Fraser Neill wärend 4 Joer op Tournee gaangen. 2011 ass se vu Mariager an Nord-Jütland op Kopenhagen geplënnert fir do um Complete Vocal Institute weider Sangen ze studéieren.

Eurovision Song Contest[änneren | Quelltext änneren]

De 26. Januar 2013 huet se mat hirem Lidd Only Teardrops déi dänesch Virentscheedung zum Eurovision Song Contest 2013 gewonnen an huet domat hiert Land zu Malmö a Schweden vertrueden.[1] Den 1. Februar 2013 ass d'Lidd an den däneschen Charts direkt op d'Plaz 2 komm.

Nodeem se bei der Halleffinall vum 14. Mee d'Qualifikatioun fir d'Finall gewonnen huet, ass se bei der Finall vum Eurovision Song Contest den 18. Mee 2013 op déi 1. Plaz komm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emmelie de Forest – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Emmelie de Forest gewënnt déi dänesch Virentscheedung 2013 bei eurovision.tv