Eurovision Song Contest 2013
58. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | We Are One |
Datum | 14., 16. an 18. Mee 2013 |
Stad | Malmö (Schweden) |
Gebai | Malmö Arena |
Gewënner | Emmelie de Forest Dänemark |
Zuel vu Länner | 39 |
Moderatioun | Petra Mede |
Interval Act | Finall: Carola Häggkvist (Fångad av en stormvind), Loreen (We Got The Power), Sarah Dawn Finer (The Winner Takes It All) |
Ofstëmmungsreegel | All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder. |
Den 58. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen de 14. a 16. Mee, a seng Finall den 18. Mee 2013 an der Malmö Arena an der schweedescher Stad Malmö. Déi Hal ka bis 15.500 Zuschauer ophuelen. Eenzeg Presentatrice fir déi dräi Deeler vum Concours war d'Petra Mede.
Lëtzebuerg huet scho wéi déi 19 Joer virdru fräiwëlleg net matgemaach. Och Andorra, Polen, Tschechien, Monaco, Bosnien an Herzegowina, Portugal, d'Slowakei an d'Tierkei hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze waren 39 Länner dobäi.
Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng éischtplacéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, déi Kéier Schweden.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Dänemark, d'Emmelie de Forest mam Lidd Only Teardrops mat 47 Punkte Virsprong virum Farid Mammadov (Aserbaidjan). Déi drëtt Plaz krut d'Slata Ohnewytsch, déi fir d'Ukrain ugetruede war.
Fir Dänemark war et déi drëtt Kéier no 1963 an 2000, datt et de Grand Prix gewonnen hat.
Halleffinallen
[änneren | Quelltext änneren]1. Halleffinall
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Halleffinall war de 14. Mee 2013.
Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Groussbritannien, Italien a Schweden.
Startnr. | Land | Interpret | Titel | Plaz | Punkten |
---|---|---|---|---|---|
1 | Éisträich | Natália Kelly | Shine | 14. | 27 |
2 | Estland | Birgit Õigemeel | Et uus saaks alguse | 10. | 52 |
3 | Slowenien | Hannah Mancini | Straight into Love | 16. | 8 |
4 | Kroatien | Klapa s mora | Mižerja | 13. | 38 |
5 | Dänemark | Emmelie de Forest | Only Teardrops | 1. | 167 |
6 | Russland | Dina Garipowa | What If | 2. | 156 |
7 | Ukrain | Slata Ohnewytsch | Gravity | 3. | 140 |
8 | Holland | Anouk | Birds | 6. | 75 |
9 | Montenegro | Who See & Nina Žižić | Igranka | 12. | 41 |
10 | Litauen | Andrius Pojavis | Something | 9. | 53 |
11 | Wäissrussland | Aljona Lanskaja | Solayoh | 7. | 64 |
12 | Moldawien | Aliona Moon | O mie | 4. | 95 |
13 | Irland | Ryan Dolan | Only Love Survives | 8. | 54 |
14 | Zypern | Despina Olympiou | An me thymasai | 15. | 11 |
15 | Belsch | Roberto Bellarosa | Love Kills | 5. | 75 |
16 | Serbien | Moje 3 | Ljubav je svuda | 11. | 46 |
2. Halleffinall
[änneren | Quelltext änneren]Déi zweet Halleffinall war de 16. Mee 2013.
Déi genee Punkteverdeelung gouf eréischt no der Finall bekannt gemaach fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Frankräich, Däitschland a Spuenien.
Startnr. | Land | Interpret | Titel | Plaz | Punkten |
---|---|---|---|---|---|
1 | Lettland | PeR | Here we go | 17. | 13 |
2 | San Marino | Valentina Monetta | Crisalide (Vola) | 11. | 47 |
3 | Mazedonien | Esma Redžepova & Vlatko Lozanoski | Pred da se razdeni | 16. | 28 |
4 | Aserbaidjan | Farid Mammadov | Hold Me | 1. | 139 |
5 | Finnland | Krista Siegfrids | Marry Me | 9. | 64 |
6 | Malta | Gianluca Bezzina | Tomorrow | 4. | 118 |
7 | Bulgarien | Elitsa & Stoyan | Samo Shampioni | 12. | 45 |
8 | Island | Eyþór Ingi Gunnlaugsson | Ég á líf | 6. | 72 |
9 | Griicheland | Koza Mostra feat. Agathonas Iakovidis | Alcohol Is Free | 2. | 121 |
10 | Israel | Moran Mazor | Rak bishvilo | 14. | 40 |
11 | Armenien | Gor Sujyan | Lonely Planet | 7. | 69 |
12 | Ungarn | ByeAlex | Kedvesem | 8. | 66 |
13 | Norwegen | Margaret Berger | I Feed You My Love | 3. | 120 |
14 | Albanien | Adrian Lulgjuraj & Bledar Sejko | Identitet | 15. | 31 |
15 | Georgien | Sopo Gelowani & Nodiko Tatischwili | Waterfall | 10. | 63 |
16 | Schwäiz | Takasa | You and Me | 13. | 41 |
17 | Rumänien | Cezar | It's My Life | 5. | 83 |
Finall
[änneren | Quelltext änneren]D'Finall war den 18. Mee 2013.
Déi 26 Länner an der Finall waren:
- Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Grousbritannien
- D'Gaaschtland, Schweden
- Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
- Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall
Am Fall vu Punktegläichheet sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen. Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 39 Länner déi matgemaach haten.
Verschidde Medien hunn Dänemark an d'Ukrain mat beschte Chancë gesinn fir ze gewannen.
Plaz | Startnr. | Land | Interpret | Titel | Punkten |
---|---|---|---|---|---|
23. | 1 | Frankräich | Amandine Bourgeois | L'enfer et moi | 14 |
22. | 2 | Litauen | Andrius Pojavis | Something | 17 |
11. | 3 | Moldawien | Aliona Moon | O mie | 71 |
24. | 4 | Finnland | Krista Siegfrids | Marry Me | 13 |
25. | 5 | Spuenien | El Sueño de Morfeo | Contigo hasta el final | 8 |
12. | 6 | Belsch | Roberto Bellarosa | Love Kills | 71 |
20. | 7 | Estland | Birgit Õigemeel | Et uus saaks alguse | 19 |
16. | 8 | Wäissrussland | Aljona Lanskaja | Solayoh | 48 |
8. | 9 | Malta | Gianluca Bezzina | Tomorrow | 120 |
5. | 10 | Russland | Dina Garipowa | What If | 174 |
21. | 11 | Däitschland | Cascada | Glorious | 18 |
18. | 12 | Armenien | Gor Sujyan | Lonely Planet | 41 |
9. | 13 | Holland | Anouk | Birds | 114 |
13. | 14 | Rumänien | Cezar | It's My Life | 65 |
19. | 15 | Vereenegt Kinnekräich | Bonnie Tyler | Believe In Me | 23 |
14. | 16 | Schweden | Robin Stjernberg | You | 62 |
10. | 17 | Ungarn | ByeAlex | Kedvesem | 84 |
1. | 18 | Dänemark | Emmelie de Forest | Only Teardrops | 281 |
17. | 19 | Island | Eyþór Ingi Gunnlaugsson | Ég á líf | 47 |
2. | 20 | Aserbaidjan | Farid Mammadov | Hold Me | 234 |
6. | 21 | Griicheland | Koza Mostra feat. Agathonas Iakovidis | Alcohol Is Free | 152 |
3. | 22 | Ukrain | Slata Ohnewytsch | Gravity | 214 |
7. | 23 | Italien | Marco Mengoni | L'essenziale | 126 |
4. | 24 | Norwegen | Margaret Berger | I Feed You My Love | 191 |
15. | 25 | Georgien | Sopo Gelowani & Nodiko Tatischwili | Waterfall | 50 |
26. | 26 | Irland | Ryan Dolan | Only Love Survives | 5 |
Weideres
[änneren | Quelltext änneren]- Den Emil Ramsauer vun der Schwäizer Grupp Takasa war an der zweeter Halleffinall mat 95 Joer den eelste Participant op enger ESC-Bün. Hien huet domat den 2012 opgestallte Rekord vun der 77-järeger Natalija Pugatschowa vu Buranowskije Babuschki gebrach.
- Deen an deem Ament gréisste Mann vun der Welt, den 2,59 Meter grousse Leonid Stadnyk, huet déi ukrainesch Intrepretin Slata Ohnewytsch op d'Bün gedroen.
- Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi:
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eurovision Song Contest 2013 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Baku (Aserbaidjan) | Kopenhagen (Dänemark) | |
---|---|---|
ESC 2012 | Eurovision Song Contest | ESC 2014 |