Op den Inhalt sprangen

Malmö

Vu Wikipedia
Malmö
Land Schweden
Awunner 339.316
  31. Dezember 2023
Fläch 8.067 ha
Héicht 12 m
Koordinaten 55°35'N, 13°0'O
Telefonszon 040
Postcode 21X XX
Websäit http://www.malmo.se

Malmö Toundokument ['malmø:] ? / i (dänesch: Malmø) ass eng Groussstad a Schweden an der historescher schweedescher Provënz Schonen (Skåne), an Haaptstad vun der haiteger Provënz Skåne souwéi Haaptuerschaft vun der Gemeng Malmö.

Malmö huet 339.316 Awunner (Stand 31. Dezember 2023)[1][2] an ass no Stockholm a Göteborg déi drëttgréisst Stad vum Land.

Malmö läit am äusserste Süde vum Land. D'Distanz bis op Mailand (zirka 1.159 km) ass méi kleng wéi déi op Kiruna, déi nërdlechst Stad vu Schweden (zirka 1.392 km). No Kopenhagen, dat nëmme 27 km ewech ass, si Göteborg (zirka 214 km), Kiel (zirka 232 km), Hamburg (zirka 300 km), Oslo (zirka 498 km) a Stockholm (zirka 514 km) déi Groussstied, déi am nooste bäi sinn.[3]

Zanter der Aweiung vun der Öresundbréck am Joer 2000 forméiert d'Metropolregioun Malmö zesumme mat Kopenhagen, dat um Öresund géintiwwer läit, ee vun den Zentre vun der Öresundregioun. D'Stad huet eng eege Plage.

Zanter 1996 gëtt Malmö an déi follgend zéng Staddeeler agedeelt, déi hirersäits nees an zesummen 134 Deelgebidder opgedeelt sinn. Zum Stadgebitt (schweedesch: Tätort) vu Malmö gehéiert och dat direkt nërdlech uschléissend Arlöv, Haaptuertschaft vun der Gemeng Burlöv (538 Hektar vun der Fläch vum Stadgebitt Malmö mat 10.284 Awunner, 2010).[4]

Malmö vum Kronprinsen-Héichhaus aus gesinn
Stadbezierker vu Malmö
  • Centrum
  • Fosie
  • Husie
  • Hyllie
  • Kirseberg
  • Limhamn-Bunkeflo
  • Oxie
  • Rosengård
  • Södra Innerstaden
  • Västra Innerstaden
 Commons: Malmö – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. Statistiska tätorter 2023, befolkning, landareal, befolkningstäthet per tätort.
  3. www.entfernung.org – all Angabe si Loftlinn.
  4. Tätorter 2010, Informatiounsschrëft vum schweedesche Statistikamt SCB (schweedesch)