1944 (Lidd)

Vu Wikipedia
D'Jamala mat 1944 beim ESC 2016

1944 ass den Titel vun engem Lidd vun der ukrainescher Sängerin Jamala. Den Text staamt vum Jamala an Art Antonyan, d'Kompositioun ass vum Jamala.

Et war déi ukrainesch Bedeelegung am Eurovision Song Contest 2016 zu Stockholm, gesongen op Englesch a Krimtataresch. Et koum an der zweeter Halleffinall op déi 2. Plaz mat 287 Punkten an an der Finall op déi 1. Plaz mat 534 Punkten.[1]

Contenu[änneren | Quelltext änneren]

Den Titel "1944" bezitt sech op grad dat Joer, an dem de sowjetesche Staatschef Josef Stalin no der Réckeruerwerung vun der Krim vun der däitscher Wehrmacht d'Krimtataren an Zentralasien deportéiere gelooss huet well en déi beschëllegt huet mat de Besatzer kollaboréiert ze hunn.

Et geet am Text ëm d'Geschicht vun der Jamala hiren Urgrousselteren déi och vum Stalinregime deportéiert goufen. Den 18. Mee 1944 war hir Urgroussmamm Nasylchan mat fënnef Kanner aus hirem Haus am Dorf Kutschuk Osen a Kirgisistan deportéiert ginn. Am Lidd geet d'Jamala op déi verluere Kandheet an der Heemecht an dat grujelegt Behuele vun de Sowjets an. De Refrain vum Lidd besteet aus zwou Zeilen a krimtatarescher Sprooch, déi och am 1966 verfaasste Lidd Ey Güzel Kırım (Oh, schéi Krim) stinn. Krimtataresch war domat beim ESC fir déi éischt Kéier ze héieren.

Kontroversen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems d'Jamala déi ukrainesch Virentscheedung gewonnen hat, hunn Diskussiounen ugefaangen, op d'Lidd net politesch wier.[2] Den offizielle Reegele vum ESC no si Lidder verbueden, deenen hiren Text ze vill politesch ausgeluecht ka ginn.[3] E puer russesch Politiker op der Krim hu gesot, d'Ukrain géif d'Lidd benotze fir "Russland unzegräifen" an "d'Tragedie vun de Krimtataren auszenotze fir den europäesche Spectateuren e falscht Bild vun der angeblecher Bedreeung vun den Tataren op der elo russescher Krim ze vermëttelen."[4]

Den 9. Mäerz 2016 gouf awer vun der EBU verlaude gelooss, datt se den Titel an de Contenu vum Lidd gepréift hätt a weeder deen een nach deen aneren op e politeschen Hannergrond zeréckzeféiere wier an domat keng Reegele vum ESC gebrach goufen.[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eurovision Song Contest 2016
  2. Ukraine: The country's choice sparks controversy
  3. Rules of the Eurovision Song Contest
  4. Russia MPs slam Ukraine's choice of Crimean Tartar for Eurovision Archivéiert op 2016-03-02. Gekuckt de(n) 2016-05-15.
  5. Ukraine: EBU approves “1944” for Stockholm