Thés dansants

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thés dansants
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Dauer 32 min.
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Klaus Peter Weber
Carlo Thiel
Schnëtt Fabienne Germai
Schauspiller
Am Interview:
Guy Theisen, Fred Jager, Charly Hornemann, Chris Baldo, Luke Haas, Camillo Felgen, Armando Bausch, Marc Jaeger, Nico Daubenfeld, Vic Haas, Raymond Tholl, Willy Pultz
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Thés dansants ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm an Documentaire vum Andy Bausch aus dem Joer 1993. De Film nennt sech op senger Affiche "Rockumentary".

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Dokumentarfilm ass iwwer d'Rockgruppen, déi an den 1960er zu Lëtzebuerg bekannt waren. Et ginn d'Museker vun deemools interviewt, an och d'Reaktioun vun den Eltere gewisen, éischt Concerten a Fernseesendungen.

Triviales[änneren | Quelltext änneren]

Mat Leslie Kent, a Tale of Sex, Booze and the Blues huet den Andy Bausch 2006 dem Museker Guy Theisen, deen am Film interviewt gëtt, en eegenen Documentaire dediéiert.

De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vun Thés dansants 1992 mat engem Subside an Héicht vun 3 Millioune Lëtzebuerger Frang ënnerstëtzt.[1]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

J-P.Thiltges, Revue:[2]

Der 30minütige Rockumentary beschert dem luxemburgischen Dokumentarfilm eine Sternstunde. Eine knackige Collage aus Fotos, Interviews, Zeitdokumenten und nachgestellten Szenen... jetzt sprechen sie, unsere wackeren Rockopas, die sich mit einer Träne im Auge und viel humoriger Selbstkritik an die glorreichen Zeiten des 'Kachkéis-Rock' errinnern.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1992, Mäerz 1993, Säit 60
  2. Gesammelt Pressstëmmen op webartproject.de