Op den Inhalt sprangen

Gabriel Boisanté

Vu Wikipedia
Gabriel Boisanté
Gebuer 8. Oktober 1977
Paräis
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Entreprener, Politiker

De Gabriel Boisanté, gebuer den 8. Oktober 1977 zu Paräis, ass e lëtzebuergesch-franséische Politiker (LSAP), Schauspiller an Entreprener.[1][2]

Ausbildung an Entreprenuriat

[änneren | Quelltext änneren]

De Gabriel Boisanté huet 1997 e "Baccalauréat scientifique" am Lycée Vauban an der Stad Lëtzebuerg gemaach. Duerno huet hien e Master an Immunologie an e Master a strategeschem an Entreprenermanagement zu Paräis gemaach.[1]

Hien huet e puer Joer zu Paräis geschafft, ënner anerem bei der Versécherungsgesellschaft Axa, an duerno beim lëtzebuergeschen Zertifizéierungsinstitut Luxcontrol.[1]

2012 war hien de Matgrënner vum Restaurant Mama Loves You. Duerno huet hien nach weider Restauranten a Baren mat opgemaach: Mamacita, Coppers, Paname, Urban, Bazaar, an Amore.[2]

Schauspillerei

[änneren | Quelltext änneren]

De Gaberiel Boisanté ass och Schauspiller an huet a méi wéi 20 Kuerzfilmer, Filmer a Serië matgespillt.[3] Hien hat ënner anerem Rollen a Baby(a)lone (2015), Capitani (2020) a Io sto bene (2021).

Hien huet 2012 an 2014 d'Galae vum 5. a vum 6. Lëtzebuerger Filmpräis moderéiert.

Hien ass zënter 2016 Member an der LSAP an zënter 2019 Chef vun de Stater Sozialisten.[1] Am Januar 2020 ass hie fir de Marc Angel am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg nogeréckelt, deen an d'Europaparlament gewiesselt ass, wéi den Nicolas Schmit EU-Kommissär gouf. U sech war d'Joanne Goebbels nom Marc Angel déi Persoun, déi bei de leschte Walen déi meescht Stëmme krut, mä si hat op d'Plaz am Gemengerot verzicht[4].

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg erëmgewielt.[5]

Hien ass Papp vun dräi Kanner.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 4 5 vdl.lu: Profil um Site vun der Stad Lëtzebuerg
  2. 1 2 paperjam.lu: Profil op Paperjam
  3. lequotidien: Luxembourg: Boisanté, 42 ans et tous ses dons vum Geneviève Montaigu (29. Januar 2020)
  4. tageblatt.lu: Gemeinderat Luxemburg / Gabriel Boisante rückt für Marc Angel nach (10. Januar 2020)
  5. David Thinnes: "So sieht der neue Gemeinderat der Stadt Luxemburg aus." wort.lu [w+], 12.07.2023.