Joanne Goebbels

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joanne Goebbels
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Sorbonne – Paris IV
Aktivitéit Fonctionnaire, Literaturwëssenschaftler, Politiker, Lycéesprofesser
Partei LSAP
Famill
Papp Robert Goebbels

D'Joanne Goebbels, 1979 gebuer[1], ass eng lëtzebuergesch Literaturwëssenschaftlerin a Professesch.

Studium[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Première am Stater Kolléisch 1998[2] huet d'Joanne Goebbels vun 1999 bis 2004 op der Sorbonne studéiert[2] an eng Maîtrise a Literaturwëssenschaft an en Diplôme d'études approfondies en littérature comparée – spécialisation littérature francophone gemaach.

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Si ass Franséischprofessesch[3] an zanter 2018 Sousdirektesch am Stater Kolléisch.

D'Joanne Goebbels ass Vizepresidentin vun der LSAP-Sektioun vun der Stad Lëtzebuerg (Stand 2020).[4]

Si gouf de 24. Abrëll 2020 vum Regierungsrot als Nofollgerin vun der Monique Kieffer op d'Plaz vum Direkter vun der Nationalbibliothéik proposéiert[5]. Nodeems eng gewësse Kontrovers géint hir Nominatioun entstane war, huet si hir Kandidatur zeréckgezunn an de Regierungsrot huet de Claude D. Conter doropshin dem Grand-Duc als Direkter vun der Nationalbibliothéik proposéiert[4][4][6].

Si ass d'Duechter vum Robert Goebbels[7].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Joanne Goebbels an der Radiossendung "Fiasko Fest - Joanne Goebbels a Maz", Radio 100,7, 2024-03-03: 18:07.
  2. 2,0 2,1 Informatioun op hirem Linkedin-Profil, gekuckt de 25. Abrëll 2020
  3. "Le LSAP dévoile ses candidats pour les européennes." leqoutidien.lu, 28/02/19 17:27
  4. 4,0 4,1 4,2 C./dc0, 2020. Claude Conter übernimmt BNL-Spitze. Nominierte Direktorin Joanne Goebbels zieht sich nach der "heftigen öffentlichen Diskussion" zurück. Luxemburger Wort vum 26. Mee 2020, S. 20.
  5. Quell, wou net anescht uginn: "Nomination de Joanne Goebbels au poste de directrice de la Bibliothèque nationale du Luxembourg." Communiqué vum 24. Abrëll 2020 op gouvernement.lu.
  6. Joanne Goebbels zitt sech zréck, Claude D. Conter iwwerhëlt vum Monique Kieffer op rtl.lu 25.05.2020 18:21
  7. Luc Caregari: "Népotisme." woxx.lu, 2020-04-25.