J'ai toujours voulu être une sainte

Vu Wikipedia
J'ai toujours voulu être une sainte
Film
Produktiounsland Belsch
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2003
Première 2004
Dauer 90 min
Faarf Faarweg
Format 1,85:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Geneviève Mersch
Dréibuch Philippe Blasband
Geneviève Mersch
Fotografie Séverine Barde
Schnëtt Ewin Ryckaert
Produzent Patrick Quinet
Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Artémis Productions
Media Services
Schauspiller
Marie Kremer als Norah
Thierry Lefevre als Jean-Michel
Jeannine Godinas als Marthe
Raphaëlle Blancherie als Françoise
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Spillfilm J'ai toujours voulu être une sainte ass eng belsch-lëtzebuergesch Koproduktioun vun der lëtzebuergescher Filmregisseurin Geneviève Mersch aus dem Joer 2003.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

D'Norah, dat 17 Joer huet, lieft bei sengem Papp an hat fillt sech schëlleg un all Misère vun der Welt...

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Schreiwen an d'Entwéckele vun der Iddi vum Film krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film 1998 e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 2,5 Millioune Lëtzebuerger Frang.[1] 2001 krut se dunn nach e Subside vun 20 Millioune Frang, (ronn 496.000 Euro), fir d'Produktioun vu J'ai toujours voulu être une sainte. Donieft krut de Film och nach e Subside vum europäesche Fong Eurimages an Héicht vun 190.000 Euro, vun deem Samsa Film der 100.700 krut an de belsche Koproduzent de Rescht.[2]

Accueil[änneren | Quelltext änneren]

2003 gouf J'ai toujours voulu être une sainte mam éischte Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte Lëtzebuerger Film" ausgezeechent, zesumme mat dem Andy Bausch sengem Documentaire L'homme au cigare. E war och de Lëtzebuerger Oscar-Bäitrag an der Kategorie "Beschten Internationale Film", gouf awer net nominéiert.[3]

Op der Internet Movie Database hat de Film 2021 e Score vu 6,2 vun am Ganzen 10 Punkten, baséiert op 98 Benotzerbewäertungen.[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 202
  2. Rapport d'activités 2001 du Ministère de la Culture, Säit 210
  3. culture.luxembourg.public.lu: Arts et culture au Luxembourg. Une culture riche en diversité. Le cinéma (gekuckt de 25. November 2021)
  4. imdb.com: User Ratings (gekuckt de 26. November 2021