Le Tout Nouveau Testament

Vu Wikipedia
Le Tout Nouveau Testament
Film
Produktiounsland Belsch,
Lëtzebuerg
Frankräich
Produktiounsjoer 2015
Première 2015
Dauer 113 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Jaco Van Dormael
Dréibuch Jaco Van Dormael
Thomas Gunzig
Fotografie Christophe Beaucarne
Musek An Pierlé
Produzent Climax Films,
Après le Déluge,
Juliette Films,
Caviar Films,
Orange Studio,
VOO, BeTV, RTBF,
Belga Productions
Schauspiller
Pili Groyne als Ea
Benoît Poelvoorde als Gott
Yolande Moreau als dem Gott seng Fra
Catherine Deneuve als Martine
François Damiens als François
Laura Verlinden als Aurélie
Serge Larivière als Marc
Didier De Neck als Jean-Claude
Romain Gelin als Willy
Marco Lorenzini als Victor
David Murgia als J.C.
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Le Tout Nouveau Testament ass e belsch-lëtzebuergesch-franséische Spillfilm vum Jaco Van Dormael, deen och, zesumme mam Thomas Gunzig, d'Dréibuch geschriwwen huet.

En hat seng Première um Filmfestival vu Cannes 2015 an der Quinzaine des réalisateurs a koum den 1., resp. 2. September 2015 an der Belsch an a Frankräich, an den 23. September zu Lëtzebuerg an de Kino.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Gott ass en ale Granzert, deen d'Mënsche kujenéiert, an dee mat Fra an Duechter zu Bréissel an engem trostlosen Appartement lieft. Säi Meedchen, d'Ea, huet däers genuch a mécht sech op d'Sich no 6 Apostelen, fir e Ganzt Neit Testament ze schreiwen, net awer, ouni virdrun iwwer SMS der ganzer Mënschheet hiren Doudesdatum geschéckt ze hunn...

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 1.800.000 Euro ënnerstëtzt.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 5 février 2014