Jeanne Werner
Jeanne Werner | |
---|---|
Gebuer | 1985 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Schauspiller |
D'Jeanne Werner, gebuer 1985, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.
Si huet tëscht 2006 an 2011 an der Schwäiz op der Zürcher Hochschule der Künste Schauspillerei studéiert an hire Studium mat engem “Master of Arts in Acting” ofgeschloss.
No verschiddenen Theateroptrëtter an der Schwäiz, an Däitschland an zu Lëtzebuerg an no e puer Optrëtter a Kuerzfilmer huet si am franséische Film “Avant l'hiver” matgespillt. Hiren éischte groussen Optrëtt hat si an der Roll vun der Dorothea (Doro) am Florian Gallenberger sengem Film Colonia Dignidad.
Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war si an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" fir Colonia nominéiert.[1]
D'Jeanne Werner lieft a schafft zu Berlin. Si ass d'Enkelin vum Pierre Werner an d'Kusinn vum Jules Werner.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 2022: Corsage vun der Marie Kreutzer mat der Vicky Krieps
- 2022: Der Passfälscher vun der Maggie Peren
- 2017: Es war einmal in Deutschland vum Sam Garbarski mam Moritz Bleibtreu a Mark Ivanir
- 2016: Wir werden singen vun der Katharina Mihm
- 2014: Colonia vum Florian Gallenberger mat der Emma Watson an dem Daniel Brühl
- 2014: Mylène vum Alireza Bayram
- 2014: Olli und Kai vun der Luisa Ricar a Christina Welter
- 2013: Avant l'hiver vum Philippe Claudel mam Daniel Auteuil
- 2013: Une histoire d'amour vun der Hélène Fillières
- 2013: A reproduction vun der Anne Simon
- 2013: A. and J. vum Florian Bachmann
- 2011: Les adorés vun der Hélène Fillières
- 2010: 19:30 vum Ari Zehnder
- 2008: Happy Tobikomaki vun der Rahel Grunder
Theater
[änneren | Quelltext änneren]- 2016: Zähmungen?! vun der Laura Koerfer. Eng Shakespeare-Adaptatioun am Kader vum Theaterprojet STAGE
- 2016: Illusions vun der Sophie Langevin
- 2014: La Leçon vun der Myriam Muller
- 2014: Alles Walzer vun der Sara Ostertag
- 2013: Les bass vum Yuri Kordonsky
- 2013: Wilhelm B. vun der Carole Lorang
- 2012: Supertrumpf vum Enrico Beeler
- 2012: La Leçon vun der Myriam Muller
- 2012: Kaspar Häuser Meer vun der Marion Poppenborg
- 2011: Gretchen, today ënner Eegeregie
- 2011: King Lear vum Germain Wagner
- 2010: Die Schläferinnen vun der Anna Papst
- 2010: Die Kassette vun der Marion Poppenbor
- 2010: Gilgamesch vum Joachim Schlömer
- 2009: Unter Palmen vum Volker Hesse
- 2009: Endstation Sehnsucht vun der Sara Ostertag
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2016: Nominatioun fir de “Lëtzebuerger Filmpräis” fir d'Roll vum “Doro” am Film Colonia Dignidad
- 2016: Bayerischer Filmpreis - Beschte Film - Colonia Dignidad
- 2010: Emil und Emmie Oprecht Preis für herausragende Leistung beim Abschlussvorsprechen
- 2009 ZHdK Solopreis für besondere Leistungen innerhalb des Bachelor Studiums
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- D'ArtBox mam Jeanne Werner op RTL Tëlee Lëtzebuerg de 14. Januar 2017
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)
Quellen:
- Curriculum vitae op Lucky Punch, der Kënschtleragence déi d'Jeanne Werner vertrëtt
- D'Jeanne Werner an der Internet Movie Database