Der Passfälscher
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Däitschland, Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2021 |
Première | 13. Februar 2022 |
Dauer | 116 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Maggie Peren |
Dréibuch | Maggie Peren |
Fotografie | Christian Stangassinger |
Musek | Mario Grigorov |
Produktiouns- gesellschaft |
Amour Fou Luxembourg, Network Movie, Dreifilm |
Schauspiller | |
Louis Hofmann, Jonathan Berlin, Luna Wedler, Marc Limpach, André Jung, Nina Gummich, Luc Feit, Jeanne Werner, Steve Karier | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Der Passfälscher ass en däitsch-lëtzebuergescht Filmdrama vun der Maggie Peren, dat den 13. Februar 2022 am Kader vun den Filmfestspiller zu Berlin seng Première hat. Et ass eng Filmbiografie iwwer den Cioma Schönhaus, deen den Zweete Weltkrich iwwerlieft huet, andeems en ë. a. Päss gefälscht huet.
Ëm wat geet et am Fim?
[änneren | Quelltext änneren]1942: Den Cioma Schönhaus, e jonke jiddesche Mann a geléierte Grafiker, decidéiert sech zu Berlin ze 'verstoppen', andeems e sech eng falsch Identitéit als Marineoffizéier zouleet, an esou ënner d'Leit kann, wéi wann näischt wier. Hien huet och en Talent, Pabeieren ze fälschen, woumat e sëlleche Leit, déi op der Flucht virun den Nationalsozialiste sinn, d'Liewe rett. Ma dat ass net ouni Geforen ...
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]De Film gouf vum 18. Januar bis den 2. Mäerz 2021 an Däitschland an zu Lëtzebuerg opgeholl.
Zu Lëtzebuerg gouf an den Hale vun ArcelorMittal-Schëffleng, an de Kasematten an am Industriepark Fond-de-Gras gedréint.[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Der Passfälscher. Die unglaubliche Geschichte eines jungen Grafikers, der im Untergrund gegen die Nazis kämpfte. Hrsg. von Marion Neiss. Scherz Verlag, Frankfurt am Main 2004. ISBN 3-502-15688-3
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Der Passfälscher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Trailer op youtube.com
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Martin Theobald: "Um des Überlebens Willen". d'Lëtzebuerger Land Nr.7, 18.02.2022, S.18.