Pass (Dokument)

Vu Wikipedia
Den aktuelle Modell vun engem lëtzebuergesche Pass (2016). D'Lächer dra maachen en ongëlteg.

E Pass (vum franséische passeport) ass en offiziellt Dokument a Form vun engem dënne Bichelchen, dat vun engem Staat ausgestallt gëtt an déi Persoun fir déi en ausgestallt gouf, den Titulaire, identifizéiert.

An engem Pass ass gewéinlech ë. a. eng Foto, dat sougenannte Passbild, den Numm, de Gebuertsdatum an d'Gebuertsplaz, d'Nationalitéit an d'Ënnerschrëft vum Titulaire ze fannen. Déi meescht Päss kënnen hautdesdaags mat Maschinne gelies ginn. Zanter e puer Joer ginn ëmmer méi systematesch biometresch Donnéeën op engem agebauten RFID-Chip ofgespäichert, fir et bal onméiglech ze maachen, e Pass ze fälschen, mä och, fir d'Kontrolle vun de Leit méi effikass ze maachen.

An engem Pass gëtt et eidel Säiten - meeschtens ëm déi 30, op déi d'Autoritéite vun deene Länner, an déi ee reest, Visae kënnen androen, déi et engem erlaben, meeschtens fir eng bestëmmt Dauer, an dat Land ze reesen. Op déi Säite kommen och d'Stempele mat Datumen déi uginn, wéini een an- a wéini ausgereest ass.

Bierger vun der Europäescher Unioun (EU) brauche kee Pass, fir bannent der EU, an an e puer Nopeschlänner, wéi z. B. d'Schwäiz ze reesen, dofir geet eng Identitéitskaart duer.

Et gëtt traditionell ënnerscheet tëscht engem gewéinleche "Reespass", engem "Diplomatepass", deen Diplomaten a soss diplomatesch Vertrieder vun engem Staat kréien, engem "Spezialpass", fir héichrangeg Regierungsvertrieder, an engem "Déngschtpass", dee Fonctionnairen, Beamten, oder anert Personal vun engem Land kréien, déi am Ausland ze dinn hunn, asw.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Päss – Biller, Videoen oder Audiodateien