Op den Inhalt sprangen

Nicolas Steil

Vu Wikipedia
Nicolas Steil
Gebuer 2. Januar 1961
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur

Den Nicolas Steil, gebuer den 2. Januar 1961 zu Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Filmproduzent, Theater- a Filmregisseur an Dréibuch- an Theaterauteur.

Hien huet an der geschriwwener Press als Journalist ugefaangen an ass 1983 bei RTL TV gewiesselt, wou hie Reporter, Noriichte-Presentateur a Produzent war. Hien huet 1988 PAL, déi éischt Filmproduzenten-Associatiooun zu Lëtzebuerg, gegrënnt. Duerno huet hien a verschiddenen europäesche Gremie geschafft, déi sech ëm Auteure-Rechter oder Finanzhëllefe fir Filmproduktioune gekëmmert hunn. Zanter 1997 ass hien den Direkter vun der Produktiounsfirma Iris Productions an huet bis ewell eng 20 Spill-, Animatiouns- an Dokumentarfilmer (co)produzéiert.[2]

Den Nicolas Steil huet bei den Theaterstécker Combat (Carlos Batlle Jordà, 2001), La Jeune Fille et la Mort (Ariel Dorfman, 2003), L'Affaire Suberville (vun him selwer, 2004), Table Rase (Jean-Louis Schlesser, 2005) an Central Park West (Woody Allen, 2007) Regie gefouert.

Hien huet och un den Dréibicher vu Le club des chômeurs a Réfractaire matgeschafft. Réfractaire (2009) ass deen éischte Spillfilm, bei deem e selwer Regie gefouert huet.

Den Nicolas Steil ass mat der franséischer Schauspillerin a Regisseurin Véronique Fauconnet bestuet.

als Regisseur

[änneren | Quelltext änneren]

als Produzent

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gebuertsannonce am Luxemburger Wort vum 4. Jan. 1961 op eluxemburgensia.lu
  2. Cf. http://www.irisproductions.lu