Véronique Fauconnet
Ausgesinn
Véronique Fauconnet | |
---|---|
D'Véronique Fauconnet, de Frank Wilhelm an de Claude Frisoni bei engem Literaturowend am Kader vum internationalen Dag vun der Francophonie an der Abtei Neimënster. | |
Gebuer |
26. August 1966 Villejuif |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Regisseur |
D'Véronique Fauconnet, gebuer de 26. August 1966 zu Villejuif[1], ass eng franséisch Schauspillerin a Regisseurin. Si ass d'artistesch Direktesch vum TOL.
Si huet Arts dramatiques an Diktioun um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg studéiert.
D'Véronique Fauconnet ass mat dem lëtzebuergesche Filmproduzent, Theater- a Filmregisseur an Dréibuch- an Theaterauteur Nicolas Steil bestuet.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Marc Thill, 2023. Deux dames, un théâtre. Luxemburger Wort vum 3. Oktober 2023, S. 58-59.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 2011: J'enrage de son absence vum Sandrine Bonnaire. Roll: D'Serveuse.
- 2011: Comme un homme vum Safy Nebbou. Roll: D'Schoulinfirmière
- 2011: D'Symmetrie vum Päiperlek vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer. Roll: Déi franséisch Journalistin.
- 2011: Les adorés vum Hélène Fillières. Roll: L'hôtesse.
- 2010: Fils unique vum Miel Van Hoogenbemt. Roll: Dem Véra seng Mamm.
- 2010: Double saut vum Laura Schroeder. Roll: D'Mamm.
- 2010: Avant l'aube vum Raphaël Jacoulot. Roll: D'Fleuristin.
- 2010: Elle ne pleure pas, elle chante vum Philippe de Pierpont. Roll: D'Receptionistin.
- 2009: La petite chambre vum Stéphanie Chuat / Véronique Reymond. Roll: Lorna
- 2008: Réfractaire vum Nicolas Steil. Roll: Dem François seng Mamm.
- 2008: Luftbusiness vum Dominque de Rivaz. Roll: D'Infirmière.
- 2005: Dark places vum Donato Rotunno. Roll: D'Receptionistin.
- 2004: La revanche vum Andy Bausch. Roll: Teresa
- 2003: Schmol vum Sophie Langevin / Jako Raybaut. Roll: D'Mamm.
- 2001: Le club des chômeurs vum Andy Bausch Roll: Teresa.
- 1998: Pourquoi se marier le jour de la fin du monde vum Harry Cleven. Roll: D'Mamm.
- 1992: Quelli della speciale vum Mario Corbucci. Roll: D'Déiwin.
- 1992: Régime sans ciel vum Menn Bodson. Roll: Ginette Portia.
- 1988: Troublemaker vum Andy Bausch. Roll: Cliente am Café.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Mémorial C - N° 1197 vum 8. Juni 2010, S. 57446.