Lycée Michel-Rodange

De Lycée Michel-Rodange, kuerz LMRL, ass e Klassesche Lycée um Campus Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg.
De Lycée ass nom Michel Rodange, dem Auteur vun ë. a. dem Renert, benannt.
Den Direkter ass de Jean-Claude Hemmer, d'Directrice adjointe ass d'Claire Simon.
Historique[änneren | Quelltext änneren]
D'Regierung krut mam Gesetz vum 1. Abrëll 1968 d'Erlaabnes fir de Bau vun engem Lycée an der Stad Lëtzebuerg. D'Bauaarbechte fir e provisorescht Gebai, wat vun enger däitscher Firma a Fäerdegbauweis opgeriicht gouf, hunn den 20. Mee 1968 ugefaangen. Well den Direkter vun dëser Firma, deen och de verantwortlechen Ingenieur fir d'Ausféierung vun de Bauaarbechte war, W.B. Schroer geheescht huet, krut d'Gebai den Numm "Schroerbau".
Mam Gesetz vum 5. August 1968 gouf eng véiert Secondaire-Schoul an der Stad Lëtzebuerg an d'Liewe geruff. Déi gouf am Ufank "Nouveau Lycée de Luxembourg" genannt.
Fir d'Schouljoer 1968/1969 waren 366 Schüler ageschriwwen, 267 Jongen an 99 Meedercher. Zu deem Zäitpunkt waren d'Bauaarbechten nach net ofgeschloss. D'Jongen (10 Klassen) goufen dofir an de Südfliggel vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an d'Meedercher (3 Klassen) an d'Aloyse-Kaiser-Primärschoul ënnerbruecht.
De 24. Februar 1969 goufen all d'Klassen an de "Schroerbau" op de Geesseknäppchen transferéiert. Dëst Gebai gouf de 14. Abrëll 1969 ageweit.
1969, war de "Nouveau Lycée de Luxembourg", nieft dem Lycée Classique de Diekirch an dem Lycée Classique d'Echternach, ee vun den dräi éischte Lycéeën zu Lëtzebuerg, wou d'Mixitéit (gemeschte Klasse vu Jongen a Meedercher) agefouert gouf.
Duerch Règlement grand-ducal vum 19. Januar 1970 krut den "Nouveau Lycée de Luxembourg" d'Bezeechung "Lycée Michel Rodange".
Den 12. Mee 1970 hunn d'Bauaarbechte fir den Zentralfligel mat de Spezialsäll, de Büroe fir d'Schouldirektioun, der Loge an der Portierswunneng ugefaangen.
Den Hierscht 2017 sinn d'Schüler a Containermodulen, direkt niewendrun, geplënnert; no Virbereedungsaarbechte goungen ee Joer drop d'Renovéierungsaarbechten um Lycée Michel-Rodange un. Zousätzlech gëtt en neie Flijel ugebaut, mat enger Sporthal, enger Cafeteria an engem Sall fir Prüfungen, an deee fréiere Festsall gëtt an eng Bibliothéik ëmgebaut. Fri d'Aarbechten, déi bis 2021 daueren, sinn eng 60 Milliounen Euro virgesinn.[1]
Direkteren[änneren | Quelltext änneren]
- Pierre Goedert, vum 28. August 1968 bis Juli 1984
- Monique Klopp-Albrecht, vum 16. Juli 1984 bis Abrëll 2003
- Gilbert Pesch, vum 1. Mee 2003 bis Abrëll 2011
- Jean-Claude Hemmer, vum 1. Mee 2011 un
Bekannt Schüler a Professeren[änneren | Quelltext änneren]
- Andy Bausch (*1959) Filmregisseur an Dreibuchauteur (Schüler)
- Mady Delvaux-Stehres (* 1950): fréier Erzéiungministesch (Professesch bis 1989)[2]
- Françoise Hetto-Gaasch (* 1960): fréier Ministesch fir de Mëttelstand, Tourismus a Chancëgläichheet (Schülerin)[3]
- Francine Closener (* 1969): Journalistin a Staatssekretärin (Schülerin)
- Fabienne Lentz (* 1978): Spriecher vun déi Lénk (Schülerin)[4]
- Cyrus Neshvad: Filmregisseur a Produzent (Schüler)
- Léa Linster (*1955): Kächen
- Paul Galles(*1973): Deputéierten an der Chamber (Schüler)
- Fred Keup(*1980): Deputéierten an der Chamber (Schüler)
- Serge Wilmes(*1982): Deputéierten an der Chamber (Schüler)
- Lucien Lux(*1956): fréiere Minister an Deputéierten an der Chamber (Schüler)
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Websäit vum Lycée Michel Rodange
- Den detailléierten Historique an der Festbroschür LMRL 1968-1993
- Loi du 1er avril 1968 autorisant le Gouvernement à faire procéder à la construction, l'équipement"et l'ameublement d'un lycée sur le territoire de la Ville de Luxembourg, y compris l'aménagement des alentours
- Loi du 5 août 1968 portant création d'un quatrième établissement d'enseignement secondaire à Luxembourg
- Règlement grand-ducal du 27 juin 1969 portant création de classes mixtes au Lycée classique de Diekirch, au Lycée classique d'Echternach et au Nouveau Lycée de Luxembourg
- Règlement grand-ducal du 19 janvier 1970 octroyant une dénomination particulière au quatrième établissement d'enseignement secondaire de Luxembourg
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Geesseknäppchen: Eins nach dem anderen." wort.lu, 16-11-2018.
- ↑ gouvernement.lu (gekuckt de 6. Juli 2012)
- ↑ gouvernement.lu (gekuckt de 6. Juli 2012)
- ↑ Presentatioun op der Websäit vun der Uni Lëtzebuerg (gekuckt de 6. Juli 2012)