Op den Inhalt sprangen

Pascal Peters

Vu Wikipedia
Pascal Peters
De Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police (September 2024)
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Michel-Rodange,
École royale militaire,
Universitéit vu Léck,
Offizéieschschoul vun der franséischer Gendarmerie
Aktivitéit Policebeamten

De Pascal Peters ass e lëtzebuergesche Policebeamten. Hien ass zënter dem 1. Juni 2024 de Generaldirekter vun der Police grand-ducale.

No senger Première 1992 am Lycée Michel Rodange war de Pascal Peters op der École royale militaire zu Bréissel (1992 - 1994) wou hien e Bachelor am Droit gemaach huet. Duerno huet hie vun 1994 bis 1996 op der Universitéit zu Léck Kriminologie studéiert a säi Studium mat engem Master ofgeschloss. Vun 1996 bis 1997 war hien op der Offizéieschschoul vun der franséischer Gendarmerie zu Melun (Seine-et-Marne).

Karriär bei der Gendarmerie an der Police zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1997 - 1998: Kommandant bei der Police, Bezierk Norden
  • 1999 - 2000: Kommandant bei der Gendarmerie, Bezierk Esch-Uelzecht
  • 2000 - 2001: Sous-Direkter bei der Police, Bezierk Esch-Uelzecht
  • 2001 - 2009: Sous-Kommandant a Kommandant, Spezialunitéit
  • 2009 - 2014: Chef vum Departement „Enquête“ vun der Inspection générale de la police
  • 2015 - 2018: Sous-Direkter an der Direktioun vun den Operatiounen an der Preventioun
  • 2018 - 2024: Zentraldirekter vun der administrativer Police
  • zënter Juni 2024: Generaldirekter vun der Police grand-ducale


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]