Joy Hoffmann
Joy Hoffmann | |
---|---|
Gebuer | 17. Mee 1950 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmkritiker, Lycéesprofesser, Filmproduzent |
De Joseph "Joy" Hoffmann, gebuer de 17. Mee 1950 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Staatsfonctionnaire, Filmkritiker a Filmproduzent.
Hien as sum Lampertsbierg opgewuess, wou en an d'Primärschoul an an de Jongelycée goung. Dono huet hie vun 1971 bis 1974 um University College Dublin studéiert a war bis 1990 Engleschproff um Institut supérieur de technologie, am Stater Jongelycée an an der École de commerce et gestion.[2]
Tëscht 1995 an 2015 huet hie beim CNA geschafft, wou e responsabel fir de Filmdepartement war. Hie war och Produzent vun enger Rëtsch Filmer déi vum CNA (ko-)produzéiert goufen, dorënner René Deltgen - Der sanfte Rebell, Germaine Damar - Der tanzende Stern, Luxemburg, USA, Heim ins Reich, Ech war am Congo, D'Lëtzebuerger beim Tour de France, Ëmmer bereet, Bloe Steen, Léif Lëtzebuerger, De Bauereblues an Ashcan.[2]
Hie war am Ciné-Club 70/80/90 engagéiert. Duerch Weiderentwécklung vum Ciné-Club 80 iwwer Utopia Sàrl bis zu der Utopia Group gouf de Joy Hoffmann Aktionär an der Utopia S.A.[3]
Hie war vun 1989 bis 2009 Representant vu Lëtzebuerg beim Eurimages-Programm, tëscht 1990 an 2012 e puermol Member vum Verwaltungsrot a vum Auswielcomité vum Lëtzebuerger Filmfong, an vun 2011 bis 2017 Matgrënner a Member vum Auswielcomité vum Luxembourg City Film Festival.[2]
Zanter 1983 ass de Joy Hoffmann och Filmkritiker bei RTL Radio an Tele Lëtzebuerg.
2021 huet hie säi éischten eegene Film, den Documentaire De Lampertsbierg, erausbruecht.[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Joy Hoffmann – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ memorial.lu
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Biographie de Joy Hoffmann. Pressedossier De Lampertsbierg, S. 6 (gekuckt 2021-12-18).
- ↑ Article Woxx - http://www.woxx.lu/id_article/508
- ↑ Fiche op cna.public.lu.