Diskussioun:Joy Hoffmann

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hun 2 Froen:

  • Wat ass e Filmschaffenden? Dat Wuert deet mer wéi an den Oueren. Gëtt et do kee besseren Term?
  • Wat ass eng horizontal Filmproduktiounschaîne? Ech weess dass et aner horizontal Beruffer gëtt, awer ënnert enger horizontaler Filmproduktiounschaîne kann ech mer näischt virstellen. Vläicht ass mäin intellektuelle Niveau och net héich genuch. --Pecalux 05:38, 20. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Virwat vun enger horizontaler Filmproduktiounschaîne geschwat gëtt verstinn ech och net. Misst et net verikal Filmproduktiounschaîne sinn?--Fliedermaus 08:48, 20. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Op horizontal oder vertikal ass mengen ech Affaire de Goût. Haaptsaach eng Chaîne. Ech hunn och emol e puer Nofroen no Sourcen agebaut, do schéngt mer (ze)villes vun ongeféier an deem Artikel.

--Zinneke 11:53, 20. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]


Als Chef vun deem Departement ass hien och Produzent vun de Filmer vum CNA produzéiert ginn. Schéngt mer quokeleg Behaaptung ze sinn. Wann den CNA Filmer produzéiert géif ech emol mengen datt den CNA de Produzent ass, oder ass meng Logik falsch --87.67.234.239 13:48, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]